Bob Marley

Vu Wikipedia
Bob Marley
Gebuertsnumm Robert Nesta Marley
Gebuer 6. Februar 1945
Gestuerwen 11. Mee 1981
Doudesursaach Melanom
Nationalitéit Jamaika
Aktivitéit Liddermécher, Sänger, Gittarist, Komponist
Famill
Papp Norval Sinclair Marley

De Robert Nesta "Bob" Marley [ bɒb ˈmɑː(ɹ)li ], gebuer de 6. Februar 1945 zu Nine Miles, op Jamaika, a gestuerwen den 11. Mee 1981 zu Miami, a Florida, war e jamaikanesche Sänger, Gittarist a Liddermécher.

Hie war ee vun de Matgrënner an och ee vun de bedeitendste Vertrieder vum Reggae, deen duerch hien a seng Optrëtter mat senger Band The Wailers zënter der Mëtt vun den 1970er Joren als Museksstil international bekannt gouf.

Zu senge bekanntste Stécker ziele Buffalo Soldier, Get Up, Stand Up, I Shot the Sheriff, No Woman No Cry, Could You Be Loved?, Redemption Song a Stir It Up. Nieft senge musekalesche Wierker huet de Bob Marley sech och dofir agesat, de Message vun der Rastafari-Beweegung ze verbreeden. Fir d'Adepten dovun, an och fir vill Mënschen an der Drëtter Welt war an ass de Marley eng wichteg Identifikatiounsfigur.

Hie war bestuet an hat mat senger Fra 4 Kanner, an eent adoptéiert. "Niewelaanscht" hat en "offiziell" der nach eng 7, an "inoffiziell" tëscht 22 a 46. E puer vun hinnen, wéi den Ziggy, d'Cedella, de Stephen an d'Sharon (aus sengem Bestietnes), sou wéi och Ky-Mani, de Julian an den Damian, goufe spéiderhi Museker.

De Bob Marley ass un Hautkriibs gestuerwen.

Discographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Studiosalbumen[änneren | Quelltext änneren]

Concertstalbumen[änneren | Quelltext änneren]

  • Live! (1975)
  • Babylon by Bus (1978)
  • Live at the Roxy (2003) (opgeholl de 26. Mee 1976)
  • Live Forever: The Stanley Theatre (2011) (opgeholl den 23. September 1980)

Kompilatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Birth of a Legend (1977) Fréi Opnamen aus den 1960ern
  • Bob Marley & the Wailers (1978)
  • Legend (1984)
  • Rebel Music (1986)
  • Talkin' Blues (1991)
  • Early Collection (1991)
  • Songs of Freedom (1992)
  • Natural Mystic (1995)
  • Soul Almighty (1996)
  • Dreams of Freedom (1997)
  • Black Progress (1998)
  • Chant Down Babylon (1999)
  • One Love - The Very Best of (2001)
  • Legend (DVD+2CD) (Tuff Gong) (2003)
  • Gold (2005)
  • Soul Revolutionaries: The Early Jamaican Albums 1970-1971 (2005)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Timothy White: Catch a fire. The life of Bob Marley. Holt, Rinehart and Winston, New York 1983. (däitsch: Bob Marley, Reggae, Rastafari. Ein kurzes, schnelles Leben. Heyne, München 1984. ISBN 3-453-35036-7).
  • René Wynands: Do the Reggae. Reggae von Pocomania bis Ragga und der Mythos Bob Marley. Pieper Verlag und Schott 1995, ISBN 3-492-18409-X (Pieper), ISBN 3-7957-8409-3 (Schott
  • Bruce W. Talamon: Bob Marley, Spirit Dancer. Schirmer/Mosel, München 1995, ISBN 3-88814-781-6.
  • Kwame Dawes: Bob Marley, der Ausnahmepoet (Biografie). PPVMEDIEN, Bergkirchen, ISBN 3-932275-88-8.
  • Adrian Boot und Chris Salewicz: Bob Marley, Songs of Freedom. Heyne, ISBN 3-453-08705-4.
  • John Masouri: Wailing Blues: The Story of Bob Marley's „Wailers“. Wise Publications, 2007, ISBN 978-1-84609-689-1.
  • Ian McCann & Harry Hawke: Bob Marley, Story und Songs kompakt. Bosworth Music GmbH, Berlin 2004, ISBN 3-936026-92-0.
  • Rita Marley: No Woman No Cry. Mein Leben mit Bob Marley. Rockbuch Verlag, 2005, ISBN 3-927638-07-2.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bob Marley – Biller, Videoen oder Audiodateien