Johanna Weirich

Vu Wikipedia
Johanna Weirich
Gebuer 28. Februar 1981
Aktivitéit Violonist

D'Johanna Weirich, gebuer den 28. Februar 1981 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Geiespillerin.

D'Johanna Weirich huet d'Première an der Stad am Kolléisch gemaach, op der Sektioun Musek, F, ënner der Leedung vum Jean Schumacher.

Geiestudium

E puer Joer méi spéit schléisst d'Johanna Weirich hire Geiestudium am Stater Conservatoire mam "Premier Prix" a "Prix Supérieur", an der Klass vum Vania Lecuit of. Duerno huet si den Diplom "Methodologie" an der Klass vum Claude Krier gemaach.

D'Johanna Weirich huet weider 4 Joer Gei studéiert am Conservatorium Maastricht beim polnesche Meeschter Robert Szreder a souwuel d'kënschtleresch "Reifeprüfung", wéi och den Ofschloss am "Dozierende Musikus" bestanen.

Hiren Début huet d'Johanna Weirich am M.I.R. (groupe de pantomime) gemaach, am Gerhart Hauptmann sengem Stéck: "Die Weber".

Vun 2001 bis 2004 war si Member am "Ensemble Modern Baroque", huet am inter-regionalen Studenten-"Orchestre Saar-Lor-Lux" am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg matgepillt, ass zanter 2001 Member am: "Estro Armonico" a vun 2007 u Member am barocke "Collegium Musicum Luxemburgense".

Ausland

D'Johanna Weirich

  • huet a Radiosopname gespillt (E)
  • war Member am Ensembel ARKA; Les Goûts Réunis (NL)
  • ass zu Tréier um 18. "Podium junger Künstler" opgetrueden (D)
  • huet a Meeschtercoursen an (D), (F) a (PL) studéiert
  • huet an der Normandie (F) mam "Konservatorium Maastricht Orchestra" gespillt
  • ass op Kreta an engem Jugendprojet vum Ministère opgetrueden
  • huet an zwéin däitsche Jugendorchestre gespillt

Enseignement

D'Johanna Weirich ënneriicht Gei - éveil musical - Gesang a Solfège zu Wolz an am Klierfer Kanton.