Diskussioun:Johanna Weirich

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde Moien

Wéi heescht déi Fra dann elo richteg Johanna, Jojo, Hanna, oder fanne mer nach e puer Nimm. Déi Mixtur vun Nimm fänkt un e bësselche folkloristesch ze ginn. Les Meloures 11:39, 8 Mee 2007 (UTC)


Gudde Moien,

Ech liesen am Artikel:

Zur Zäit hëlt d'Jojo mam Estro Armonico am Gast Waltzing Studio fir eng Filmmusik vum Patrick Sanavia op.

Dësen Text koum den 13 Abrëll an den Artikel. Sinn déi nach ëmmer amgaangen opzhuelen Les Meloures 14:17, 7 September 2007 (UTC)


Bonjour,

Ech liesen: Si ënnerricht hiert Instrument.

Wann een een ennerricht da geet een dervunner aus datt deen et eventuell versteet. Wéi kann een Instrument eppes verstoen. ?? Pierrenilles 09:50, 1. Dez 2007 (UTC)


Kabes

"Zur Zäit hëlt d'Johanna mam Estro Armonico am "Gast Waltzing Studio" fir eng Filmmusek vum Jeannot Sanavia op ("Nuits d'Arabie").": - Ofgesinn dovun, datt "zur Zäit" net ze verstoen ass, ass et zimlech geckeg "fir" eng Filmmusek opzehuelen, wann de Film selwer schonn zwou Wochen am Utopolis leeft!!! Den Artikel etnwéckelt sech zu engem Running Gag. --Cornischong 09:56, 1. Dez 2007 (UTC)

Leschen

Des Madame huet sech u mech gewennt, well se well, dass hiren Artikkel gelescht get. Merci.

Message vun der IP 194.154.200.108

Gudde Moien
Stëmmt eppes an deem Artikel net?
Les Meloures 08:08, 9. Abr 2008 (UTC)
Zousätzlech Info:
Dësen Artikel huet bis elo 156 Editen erlieft, dovunner eleng der 37 vun der IP 194.154.200.108, déi den Artikel ugefaangen huet, an déi elo freet datt den Artikel soll geläscht ginn. Soll elo dat alles ëmsoss gewiescht sinn? freet de Les Meloures 08:19, 9. Abr 2008 (UTC).

Grimmel: Jojo, ech weess och net, waat lass ass. Ech soën där Joffer, si soll sech mol selwer an des Diskussioun amëschen, da ka se eis soën, waat hir op de Su geet, da versti mer daat o vléit besser alles.


Moien,

Dësen Artikel gouf haut zréckgesat well mer net hei beim Kripsen Dan an der Stuff sinn, an d'Mamaen sou léiw wéi se och kënne sinn näischt hei verluer hunn. Ech hoffen datt mat den Editen an dësem Artikel net deselwechte Zauber kréien, wéi am Artikel iwwer D'Mama.


Les Meloures 17:47, 8. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]