Joan Weber

Vu Wikipedia
Joan Weber
Gebuer 12. Dezember 1935
Paulsboro
Gestuerwen 13. Mee 1981
Doudesursaach Krankheet
Nationalitéit USA
Aktivitéit Sänger

D'Joan Weber, gebuer den 21. Dezember 1936 zu Paulsboro am Staat New Jersey a gestuerwen den 13. Mee 1981, war eng US-amerikanesch Classic-Pop-Sängerin.

Wéi se 18 Joer al war, gouf se dem Charles Randolph virgestallt, engem A&R Agent bei RCA Records an Dot Records zu New York City. Deen huet dem demolegen A&R-Chef bei Columbia Records, dem Mitch Miller en Demoband ginn, op deem d'Joan Weber Marionette gesongen huet. Fir déi éischt Single huet de Miller Let Me Go, Devil erausgesicht, wat hien ëmschreiwe gelooss hat zu Let Me Go, Lover. Nodeem dat Lidd an der CBS Tëlee-Sendung Studio One gelaf war, koum et am Januar 1955 op déi éischt Plaz um US-Maart. Well d'Joan Weber déi Zäit vun engem Meedchen entbonne gouf, konnt si sech net ëm hir Carrière këmmeren, a gouf vu Columbia net weider beschäftegt.

Spéider gouf deen Ourewuerm nach vu ville Sänger nogesongen, wéi der Peggy Lee, Patti Page, Teresa Brewer dem Hank Snow, Dean Martin, Connie Francis an der Kathy Kirby.

Bekannt Lidder[änneren | Quelltext änneren]