Op den Inhalt sprangen

Jenny Lou Carson

Vu Wikipedia
Jenny Lou Carson
Gebuertsnumm Virginia Lucille Overstake
Gebuer 13. Januar 1915
Gestuerwen 16. Dezember 1978
Los Angeles
Nationalitéit USA
Aktivitéit Liddermécher, Sänger, Songwriter

D'Jenny Lou Carson, gebuer den 13. Januar 1915 als Virginia Lucille Overstake zu Decatur am US-Staat Illinois, a gestuerwen de 16. Dezember 1978 zu Torrance a Kalifornien, war eng US-amerikanesch Country-Sängerin a Lidderschreiwerin.

Hir Musekscarrière huet d'Jenny Lou Carson 1932 ugefaangen, wéi se mat hire Sëschteren Evelyn an Eva an der National Barn Dance-Show um Radio WLS zu Chicago als Three Little Maids opgetrueden ass. Si huet och op WLS am Trio Winnie, Lou, and Sally gesongen.

An der Zäit vum Zweete Weltkrich huet se Lidder iwwer Zaldoten an hiert Verlaangere geschriwwen.
Duerno huet se nach eng sëllege Lidder geschriwwe fir bekannt Country-Sänger wéi de Roy Acuff, Eddy Arnold, den Ernest Tubb an hire Schwoer, de Red Foley.

De grousse Succès koum mam Let Me Go, Lover, e Lidd, dat si mam Al Hill geschriwwen huet, a dat d'Joan Weber fir d'éischt gesongen huet. Duerno koumen nach Cover-Versioune vun der Patti Page, dem Hank Snow, der Teresa Brewer an der Peggy Lee.

Dem Tex Ritter säi Lidd Jealous Heart, dat an Däitschland vun der Lale Andersen gesonge gouf ënner dem Titel Blaue Nacht am Hafen war och aus der Fieder vun der Jenny Lou Carson.

Cover-Versioune vu Carson-Lidder: