Adolfo Suárez

Vu Wikipedia

Den Adolfo Suárez y González, Duque de Suárez, gebuer de 25. September 1932 zu Cebreros a gestuerwen den 23. Mäerz 2014 zu Madrid, war e spuenesche Politiker. Hie war deen éischte Premierminister, deen nom Generol Franco sengem Doud aus demokratesche Walen ervirgaangen ass an huet dann och eng wichteg Roll gespillt beim Iwwergank vun der Franco-Diktatur zu der haiteger parlamentarescher Demokratie a Spuenien.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Droitsstudium op der Universitéit Salamanca hat de Suárez verschidde Funktioun an der Franco-Regierung. 1958 gouf hie Member vum Sekretariat vum Movimiento Nacional, der eenzeger Partei ënner dem Franco, wou en no an no eropkoum. 1967 gouf hie Procureur an der Provënz Ávila an 1968 Gouverneur vun der Provënz Segovia. 1969 gouf hie Generaldirekter vun der Radiotelevisión Española (TVE) wou e virdru schonn, zanter 1964 verschidde Funktiounen hat.

1975 gouf e Member vun Opus Dei an do zum Vize-Generalsekretär ernannt. Nom Franco sengem Doud gouf hien den 11. Dezember 1975 Minister an der Regierung vum Carlos Arias Navarro.

1976 gouf hie vum Kinnek Juan Carlos zum Formateur vun enger neier Regierung ernannt, déi den Iwwergank vun enger faschistescher Diktatur zu engem demokratesche System sollt an d'Weeër leeden. Zu dem Zäitpunkt war de Suárez beim grousse Public nach kaum bekannt. Hien huet, zesumme mat enger Grupp Gläichgesënnten, ugefaangen, politesch Reformen anzeféieren. Bei den éischte fräie Walen nom Franco sengem Doud, de 15. Juni 1977, huet seng Partei, d'UCD (Unión de Centro Democrático) déi meeschte Stëmme kritt an den Adolfo Suárez gouf doropshin zum Premierminister ernannt. Ënner senger Regierung gouf eng nei Verfassung agefouert, an där och d'Monarchie nees agefouert gouf.

Den 3. Mäerz 1979 huet hien erëm d'Parlamentswale gewonnen, ma hie gouf sech net eens mat den neie Parteien, déi entstane sinn, an och mat interne Froe bannent senger Partei, soudatt en den 29. Januar 1981 zeréckgetrueden ass. De Leopoldo Calvo-Sotelo gouf säin Nofollger.

De Kinnek huet hien zum Éischten Hezog vu Suárez (Duque de Suárez) an zu engem Grande de España ernannt.

1981 huet de Suárez mat aneren ex-UCD Memberen eng nei Partei gegrënnt, de Centro Democrático y Social (CDS). Den 28. Oktober 1982 gouf en op hirer Lëscht an d'Parlament gewielt.