Bill Haley

Vu Wikipedia
Bill Haley
Gebuertsnumm William John Clifton Haley
Gebuer 6. Juli 1925
Gestuerwen 9. Februar 1981
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Aktivitéit Sänger, Bandleader, Dirigent, Komponist, Schauspiller, Gittarist, Radiosspeaker, Lidderschreiwer, Discographesche Kënschtler
De Bill Haley mam Franny Beecher

De Bill Haley (mam ganzen Numm William John Clifton Haley), gebuer de 6. Juli 1925 zu Highland Park (Michigan) a gestuerwen den 9. Februar 1981 zu Harlingen (Texas), war en US-amerikanesche Rock 'n' Roll-Sänger. Hien ass, zesumme mat senger Grupp Bill Haley & His Comets, virun allem bekannt fir säi Stéck Rock Around the Clock dat 1954 erauskoum an e Welthit gouf. D'Single dovun ass, nom Candle in the Wind vum Elton John a White Christmas vum Bing Crosby, mat eng vun den am meeschte verkaafte Placken op der Welt.

Den Haley, deem seng Eltere Museker waren, huet am Ufank Country (Hillbilly) gespillt, an ass souguer als Jodler opgetrueden, mä an den 1950er ëmmer méi Rhythm and Blues-Elementer a seng Musek afléisse gelooss, an dës bei engem wäisse Publikum bekannt gemaach. Hien ass mat sengerBand op New York geplënnert, wou en den 12. Abrëll 1954 Rock around the clock opgeholl. D'Lidd gouf en Nummer-Eent-Hit, an an de Filmer Blackboard Jungle (1955 vum Richard Brooks) a Rock Around the Clock an de Soundtrack iwwerholl, wat weiderhin zu sengem Succès bäigedroen huet.

1958 ass den Haley mat senger Band an Europa op Tournée gaangen, wat ëmmer nees zu Travolt an och alt emol zu zerstéierte Sallariichtunge gefouert huet, wat weiderhin zu sengem Succès bäigedroen huet. Mä bei senge Liveoptrëtter gouf et de Fans och kloer, datt e scho relativ al war (iwwer 30 Joer), schonn ugefaangen huet, eng Glatz ze kréien, an och mam Sex-appeal géint de jonken Elvis Presley, deen am Gaang war, och mat Rock-n-Roll d'Charts z'eruerweren, net konnt mathalen.

No Rock Around The Clock hat hien och Succès mat Dim, Dim the Lights, Happy Baby, Razzle Dazzle, The Saint's Rock 'n' Roll, Burn That Candle, R-O-C-K, Rip It Up, Mambo Rock a Rudy's Rock. 21 Lidder vun him koume bis an d'Top-40 an den USA.

An den 1960er Joren hat hien och nach deen een oder anere Comeback-Concert mat groussem Succès, an och Rock around the clock koum 1968 nach eng Kéier an d'Top-20 vun der brittescher Hitparad.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bill Haley – Biller, Videoen oder Audiodateien