Kazimierz Kordylewski

Vu Wikipedia
De Kazimierz Kordylewski, 1964

De Kazimierz Kordylewski, gebuer den 11. Oktober 1903 zu Poznań a gestuerwen den 11. Mäerz 1981 zu Kraków, war e polneschen Astronom.

De Kordylewski hat 1956 vum Observatoire um Bierg Kasprowy Wierch aus, op de Lagrange-Punkte vum Äerd - Moundsystem, liichtschwaach Formatiounen aus Gas a Stëbs entdeckt, déi haut als Wolleke vum Kordylewski bezeechent ginn. Hir tatsächlech Existenz ass allerdéngs bis haut net sécher.

De Kordylewski hat op der Adam-Mickiewicz-Universitéit Poznań an op der Jagiellonen-Universitéit studéiert an hat am Joer 1932 promovéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]