Steve Jakobs

Vu Wikipedia
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Steve Jakobs
Gebuer 1981
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler


De Steve Jakobs, gebuer 1981 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Moler.

Hie wunnt a schafft zu Bréissel.

2009, am Kader vun der Ausstellung SELECTION - Artistes contemporains luxembourgeois en Belgique an der Maison du grand-duché de Luxembourg zu Bréissel, sollten zwee vu senge Wierker ausgestallt ginn. Well op engem Aquarell mat der groussherzoglecher Famill, de Grand-Duc Jean a véier Prënzekanner mat Micky-Maus-Oueren duergestallt waren, huet den Ambassadeur vu Lëtzebuerg an der Belsch decidéiert, datt dat Wierk net do ausgestallt géif[1]. De Steve Jakobs huet doropshin seng zwee Biller an engem Bréisseler Bistrot ausgestallt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Les dessins qui fâchent Le Quotidien, 6. Mäerz 2009