Beyoncé Knowles

Vu Wikipedia
Beyoncé Knowles
Gebuertsnumm Beyonce Giselle Knowles
Pseudonym Queen B, Beyoncé, First Lady of Music
Gebuer 4. September 1981
Houston
Nationalitéit USA
Aktivitéit Museksproduzent, Filmschauspiller, Liddermécher, Filmregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur, Dänzer, Entreprener, Choreograph, Synchronspriecher, Moudendesigner, Discographesche Kënschtler
Partei Demokratesch Partei
Famill
Kanner Blue Ivy Carter

D'Beyoncé Knowles oder einfach Beyoncé, gebuer als Beyoncé Giselle Knowles de 4. September 1981 zu Houston am Texas, ass eng US-amerikanesch R&B- a Pop-Sängerin, Schauspillerin a Songwriterin. Bis 2005 war si Member vun der R&B-Girlgroup Destiny's Child an huet duerno eng erfollegräich Solo-Karriär gestart. Si gouf schonn e puermol mam Grammy Award ausgezeechent an huet iwwer 75 Millioune Placke verkaaft.[1]

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Als Kand huet d'Beyoncé bei ville Gesanks- an Danzconcourse matgemaach an ass an de spéiden 1990er als Member vun der Girlgroup Destiny's Child berüümt ginn. Mat iwwer 60 Millioune verkaafte Placken ass d'Grupp eng vun de weibleche Popgruppe ginn, déi weltwäit kommerziell am erfollegräichste waren. Wärend d'Grupp eng Paus gemaach huet, gouf 2003 der Beyoncé hiren éischte Soloalbum Dangerously in Love verëffentlecht, dee si als Solokënschtlerin weltwäit etabléiert huet. E gouf 11 Millioune Mol verkaaft, mat fënnef Grammy Awards ausgezeechent an d'Singleauskoppelungen Crazy in Love a Baby Boy hunn et ënner anerem an den USA op d'éischt Plaz an den Charts gepackt.

No der Trennung vun Destiny's Child am Juni 2005 huet si hiren zweete Soloalbum B'Day (2006) erausbruecht, op deem d'Hitten Déjà Vu, Irreplaceable a Beautiful Liar ze fanne sinn. Och als Schauspillerin war si aktiv, an huet an de Filmer Dreamgirls (2006), The Pink Panther (2006) an Obsessed (2009) matgespillt. Hir Hochzäit mam Rapper Jay-Z an hir Roll als Etta James am Film Cadillac Records (2008) hunn hiren drëtten Album I Am... Sasha Fierce (2008) beaflosst, mat deem hiren Alter Ego Sasha Fierce entstanen ass. D'Wierk gouf 2010 mat sechs Grammyen ausgezeechent, dorënner dee fir d'"Lidd vum Joer" fir Single Ladies (Put a Ring on It).

2010 huet d'Beyoncé eng Paus gemaach. De véierten Album 4 (2011) huet méi duuss Téin ugestouss an de Funk aus den 1970er, de Pop aus den 1980er an de Soul aus den 1990er exploréiert.[2] Den Album Beyoncé, dee vun de Kritiker ganz gutt opgeholl gouf, huet sech vu senge Virgänger duerch seng experimentell Produktioun a seng méi däischter Thematik ofgesat.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Studiosalbumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2003: Dangerously in Love
  • 2006: B'Day
  • 2008: I Am... Sasha Fierce
  • 2011: 4
  • 2013: Beyoncé
  • 2016: Lemonade
  • 2022: Renaissance

Singelen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 2003: Crazy in Love (mam Jay-Z)
  • 2003: Baby Boy (mam Sean Paul)
  • 2004: Naughty Girl
  • 2005: Check on It (mam Slim Thug)
  • 2006: Déjà Vu
  • 2006: Irreplaceable
  • 2007: Beautiful Liar (mam Shakira)
  • 2008: If I Were a Boy
  • 2008: Single Ladies (Put a Ring on It)
  • 2009: Halo
  • 2011: Best Thing I Never Had
  • 2011: Love on Top
  • 2013: XO
  • 2013: Drunk in Love (mam Jay-Z)
  • 2014: 7/11
  • 2016: Formation

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 2001: Carmen: A Hip Hopera
  • 2002: Austin Powers in Goldmember
  • 2003: The Fighting Temptations
  • 2006: The Pink Panther
  • 2006: Dreamgirls
  • 2008: Cadillac Records
  • 2009: Wow! Wow! Wubbzy!: Wubb Idol
  • 2009: Obsessed
  • 2013: Life Is But a Dream
  • 2013: Epic

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Beyoncé Knowles – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Manchester Evening News: Gig guide: Beyoncé at Manchester Arena (26. Abrëll 2013
  2. The Guardian: Best albums of 2011, No 4: Beyoncé – 4 (13. Dezember 2011)