Diskussioun:Victor Bodson

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech mierken, hei sinn onbedingt méi Recherchen néideg: Wéi kann een zu London am Exil Leit iwwert d'Sauer hëllefen? War die Rettungsactioun virum 10. Mee 1940? Da misst onbedingt ausgebaut ginn, datt d'Liewensgefor virunallemm vun de Betraffenen dovunner ausgaangen ass, dass Lëtzebuerg d'Grenzen zou gemaach hat, an d'Judden, déi aus Däitschland no der "Kristallnacht" flüchte wollten, zeréck iwwert d'Grenz (an domat direkt an de Prisong oder Schlëmmer) geschéckt goufen.

HÄtt een ZÄit, do e bëssen derno ze kucken?

--Zinneke 08:38, 29 Juni 2006 (UTC)

Ganz gutt Fro! Wann et net op der Yad Vashem Websäit géif stoen!! Wann ech mech nat all gudden Dag mat Falschbehaaptungen hei misst amüséiseren (Butschebuerg, Schlasspark zu Uewerkolpech) hätt ech besser Zäit. Kucke mer mol. --Cornischong 08:48, 29 Juni 2006 (UTC)

Merci léiw Leit! Am englische Wikipedia hu si (aus wëlleche Quelle geschöpft?) die Story nach méi haarsträubend ausgebaut. Hien huet do een emgebautenen Spezialauto VicBodson, a fir sie fënd die Geschicht "during WWII" statt. Also wuel tëschend September 1939 a Mee 1940! Sie sinn awer entschëllegt, Lëtzebuerg ass fir sie nit onbedingt wichtig. D'éinischt haat nach een Diskutant, die fragwürdiger Aproche "et werd scho stëmmen soss hätt dach een eppes gesoot!" ageworf. Daat huet eng vage Erënnerung bei mir fräigeluegt, wéi wann den Henri Koch-Kent a séngem Vu et Entendu Vol II genauso een Widersproch ageluegt hätt. DAAT kinnt ech nokucken (wëll daat si schon baal 10 Joër hier, dass ëch de Kent gelies hunn. Einwand hei: de Kent war ee perséinliche Géigner vum Bodson. Dofir muss hien awer nit automatisch onrecht hunn. --Osbert 14:14, 12 Juli 2007 (UTC)

hups! Lo gesinn ëch daat erréicht: Daat war jo schon 2006 !
Wann een dësen Artikel liest Charles Marx do gesset een e bësselchen wat mat de Leit deemols geschitt ass déi Aktioune gemaach hunn déi net direkt däitschfrëndlech waren. Mee ech kann iech berouegen. Ech hat haut mat engem groussen Octopussi riets, dee seng laang Aerm ewell bis op Steenem ausgestreckt huet, a probéiert fir do eventuell Zäitzeien opzedreiwen. Loosse mer hoffen datt eppes dobäi erauskënnt. De Lokalhistoriker dee leider net am Ländche wunnt a fir de Moment net opzedreiwen ass (Vakanz), steet och op der Lëscht. Les Meloures 15:21, 12 Juli 2007 (UTC)