Benotzer:Osbert

Vu Wikipedia

Op deser Plaatz kinnt ëch schreiwen, wëllech Ausbildung ëch hunn, an wéi engem Beruff ëch schaffen. Daat wier am Fong eng gudd Saach, wëll wann den Internaut op een Artikel, oder eng Bemierkung vu mir stoussen géif, da wier et fir hien méi licht sëch een Bild vum mir ze maachen. E wisst dann och éischter, wéi en daat waat ëch schreiwen bewerte soll.

Nëmme Lëtzebuerg ass dofir ze kléng! Ech hunn et scho sou dachs erliewt: et zielt een engem anere Lëtzebuerger och nëmme e puer Wierder an anonymiséierter Form zu enger drëtter Persoun, a schon seet dien: "AAAh, du schwëtz vum Jhang Souwiesou! Och, deen alen Iesel soll mol de Baak haalen, den huet dach selwer, a säi Papp war schon esou een, an iwerhaapt hunn d'Souwiesous nach Stëcker vun eis, die hiere Urboop deemols ..."

Dohier kinnt een sëch iwerleen, direkt säi biergerlichen Numm unzeginn?! 

Do schwetzt dann méng joërlang Erfarung mat elektronischen Diskussiounen dergéint: Ouni Anonymiséierung get dann awer just nach "ad personem" diskutéiert an "dem Jhang" séng Asoën gi just nach derno bewert dass se vun him sinn, an nit méi no hierem Inhalt. Dofir schreiben ëch och vill léiwer an däitschen oder englische Foren. Bon, die gewieften Borschten kréien lo souwiesou eraus, wien ëch sinn, mee wéinstens d'Bëllessen sollen et net ze einfach hunn. Die traurig Konsequenz werd mussen sinn, dass ëch mëch mat Bäiträg zréck haalen muss, obwuel ëch gären zu méngen Lieblingsthemen eppes schreiwe géiff :-( Nenne werd ëch dohier och just eent: Deeler vun der europäischer Geschicht.