Leo Müller (Politiker)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker leo Müller. Fir aner leit mat demselwechten Numm, kuckt w.e.g. Leo Müller.
Leo Müller
Gebuer 10. Mee 1888
Gestuerwen 2. Dezember 1959
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Leo Müller, gebuer den 10. Mee 1888 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 2. Dezember 1959[1], war e lëtzebuergesche Journalist, Politiker an Auteur.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet vun 1904 bis 1907 op der Normalschoul fir Schoulmeeschter geléiert. Duerno huet hien zu Meecher-Dénkert, Kierchen, an der Stad Lëtzebuerg, zu Téiteng an zu Keel Schoul gehalen[2]. 1919 huet hien dee Beruff opginn, fir an de Beräich vum Journalismus ze wiesselen.

Vun 1919 bis 1933 huet hien dunn an der Redaktioun vum Luxemburger Wort (Innepolitik) geschafft. Hie war Sekretär vun der Sektioun Lëtzebuerg-Stad vun der Letzeburger Nationalunio'n.

Zesumme mam Drécker Bourg-Bourger huet hien déi rietsradikal Zeitung Luxemburger Volksblatt gegrënnt, vun där de 27. Mee 1933 déi éischt Nummer erauskoum. Den 3. Juli 1933 huet de Leo Müller sech als Chefredakter vun där Zeitung z'erkenne ginn.

1934 huet de Leo Müller d'Nationaldemokratische Heimatbewegung gegrënnt, fir sengen Iddie politesch Ausdrock ze ginn, krut awer net genuch Leit zesummen, fir fir d'Chamberwalen eng Lëscht zesummenzestellen. Bei de Wale vum 6. Juni 1937 awer huet hien, mat der Nationaldemokratische Bewegung, déi en 1936 gegrënnt huet, am Walbezierk Zentrum zwéi Sëtzer an der Chamber kritt, ee fir hie selwer an ee fir den Eugène Schaus. Mat op der Lëscht waren ënner anere véier weider dissident liberal Politiker an de fréiere Premierminister Pierre Prüm[3]. De Leo Müller hat säi Mandat an der Chamber vun 1937 bis 1940.[4]

An der zweeter Hallschent vun den 1930er Joren huet hie staark mat der franséischer Bewegung Croix de feu vum Colonel François de La Rocque, mä virun allem dem Belsch Léon Degrelle sengem Rexisme sympatiséiert. 1936 huet hien den Degrelle zu Klierf getraff.

D'Ideologie vum Müller a senger Zeitung gëtt vum Lucien Blau als national-populistesch beschriwwen: Rekurrent Theme sinn eng staark, "reng" Natioun, déi vu baussen an duerch Auslänner am Land bedreet wier; de Kampf géint de Parlamentarismus a géint d'Parteien, déi d'Interesse vum "Vollek", vun "deene klenge Leit", iwwerdubbere géifen; fir eng staark "Führer"figur, fir Korporatissem, asw.[5]

Nom däitschen Iwwerfall op Lëtzebuerg huet d'Volksblatt sech fir eng Annexioun Heim ins Reich staark gemaach.

De Lucien Blau schreift iwwer de Müller:

"Celui qui s'était voulu le champion du nationalisme luxembourgeois et qui n'avait eu de cesse de mettre en doute le patriotisme de ses adversaires, qui avait orné la manchette de son journal du mot d'ordre « Heimattreue », va plier sous le premier choc sérieux pour remplacer la « Heimattreue » par « Heim ins Reich». Celui qui avait écrit en 1933 « Wir drängen zum Führertum » pour devenir un Führer luxembourgeois, ne sera finalement qu'un lèche-botte du « Führer » suivant ainsi le parcours de beaucoup d'extrémistes de droite en France et en Belgique.[6]

D'Volksblatt gouf am Oktober 1941 agestallt a vum Nationalblatt iwwerholl. De Müller huet dunn an der Zivilverwaltung geschafft. Nom Enn vum Zweete Weltkrich gouf hien 1946 wéinst Kollaboratioun mam Occupant zu zwee Joer Prisong an enger Geldstrof vu 25 000 Frang veruerteelt.[7]

Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Zwölf Jahre Rechtspartei, 1931
  • Die Festung Luxemburg - Streifzüge durch Luxemburgs Geschichte und Gegenwart ; Lëtzebuerg, Verlag vun der Sankt-Paulus Dréckerei, 1932; 260 Säiten (ill.) + 1 Plang vun der Festung ier se ofgerappt gouf.
  • Heinrich Guth (Pseudonym vum Leo Müller), Krankenzimmer 31, 1934

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 307
  2. Cf. Schmit 2007: 442 an der Literatur.
  3. Sokrates.lu/Blau, S.6-7.
  4. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 524
  5. Sokrates.lu/Blau, S.4-6.
  6. Sokrates.lu/Blau, S.7.
  7. Cerf 1980, S. 108; Blau 1998, S. 339.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Nazikollaboratioun zu Lëtzebuerg