Justin Turpel

Vu Wikipedia
Justin Turpel
Gebuer 8. Januar 1954
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Dikrecher Kolléisch
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Partei Déi Lénk

De Justin Turpel, gebuer den 8. Januar 1954 zu Ettelbréck[1], ass e lëtzebuergesche Politiker vun Déi Lénk.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Justin Turpel ass wärend senger Schoulzäit am Lycée technique du Centre der Ligue communiste révolutionnaire (Lëtzebuerg) bäigetrueden. No sengem Schoulofschloss huet hie vun 1975 un zwee Joer laang als Cheemiker bei der Tréfil-Arbed zu Beetebuerg geschafft. Dat selwecht Joer ass hie Member am Lëtzebuerger Aarbechterverband (haut den OGB-L) ginn, éier en 1978 Gemengebeamten an der Stad Lëtzebuerg an dunn och Member am FNCTTFEL-Landesverband ginn ass. 1991 ass hie President vum ëffentleche Secteur an 2006 Vizepresident vun där Gewerkschaft ginn.

De Justin Turpel war 1999 ee vun de Grënner vun der Partei Déi Lénk, fir déi hie vum Dezember 2011 bis Februar 2014[2] am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg souz. Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 gouf hien an d'Parlament gewielt. Den 28. Abrëll 2015 huet hien dem David Wagner säi Chamberssëtz aus Gesondheetsgrënn iwwerlooss.[3]

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

De Justin Turpel ass bestuet an huet dräi Kanner an dräi Enkelkanner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Presentatioun op der Websäit vun der Stad Lëtzebuerg
  2. "Luxemburg: Justin Turpel (Déi Lénk) verlässt Gemeinderat; Guy Foetz rückt auf den freien Posten nach." wort.lu, 10.02.14 16:05.
  3. "Justin Turpel tritt als Abgeordneter ab". wort.lu, 5. Mäerz 2015 um 09:25 aktualisiéert um 10:16.