Vera Spautz

Vu Wikipedia
Vera Spautz
Gebuer 1. Mee 1963
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP

D'Vera Spautz, gebuer den 1. Mee 1963 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch LSAP-Politikerin.

Gemengepolitik[änneren | Quelltext änneren]

D'Vera Spautz ass zanter dem 14. Januar 2000 Member vum Gemengerot vun Esch-Uelzecht a war vum 11. September 2000 bis d'Gemengewale vum 8. Oktober 2017 am Schäfferot. De 15. Januar 2013 gouf si als nei Buergermeeschtesch vun Esch vereedegt, als Ersatz fir d'Lydia Mutsch déi e Ministeschposten an der Regierung Bettel-Schneider iwwerholl hat.[1] Bei de Gemengerotswalen 2017 huet d'Oppositiounspartei mat hirem Spëtzekandidat Georges Mischo méi Stëmme kritt wéi d'LSAP mat hirer Spëtzekandidatin Spautz, soudatt de Mischo neie Buergermeeschter gouf.

Landespolitik[änneren | Quelltext änneren]

Si gouf den 13. Juli 2004 als Deputéiert aus dem Walbezierk Süden an d'Chamber gewielt a bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 erëmgewielt. De 14. November 2012 huet si hire Récktrëtt als Deputéiert ugekënnegt.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Esch: Spautz wird Bürgermeisterin, Codello neuer Schöffe Wort.lu 07.12.13 11:42
  2. Vera Spautz verabschiedet sich aus der Abgeordnetenkammer op wort.lu - 14. November 2012