Diskussioun:Chamber

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Zësummesetzung[Quelltext änneren]

Wéi solle mer dat mat Wiessel "en cours de route~" maachen? Haut huet jo eng nei "Session ordinaire" ugefaangen. Solle mer fir all "Sessioun" eng Lëscht mat allen Deputéierte maachen? oder just d'Neizougäng/Ofgäng am Laf vum Joer? Oder prinzipiell just déi "aktuell" Zesummesëtzung do stoen hunn? Soss gëtt dat hei séier e Kuddelmuddel,

freet sech de --Zinneke 21:01, 11 Oktober 2005 (UTC)


Ech fannen mer sollen just déi "aktuell" Zesummesëtzung do stoen hunn. De Cornischong ass och deeër Meenung. Johnny Chicago 21:37, 11 Oktober 2005 (UTC)


An der Rei! Dann hoffen ech, dass reegelméisseg lëtzebuerger Dageszeitunglieser a Chambersbliedhebezéier dat up to date halen (do muss ech vun hei aus Raute wénken ;-) Z.

Also lo stinn se de Parteien an de VIRNIMM (!!) no!! "Wat soll dat dann??! --Cornischong 18:45, 21 November 2005 (UTC)

Oh... se sinn elo effektiv den virnimm no alphabetesch geuerdnet... X___X Mee bon, dat ass jo net sou wichteg, mei wichteg ass et, datt se a parteien agedeelt sin :) sou hun ech och méi liicht rausfonnd, wien gefeelt huet ^^ --JimHawk 05:28, 22 November 2005 (UTC)

Komplizéiert Bicher, oder wéi?[Quelltext änneren]

Fir d'éischt heescht d'Buch "* Nicolas Als, Robert L. Philippart: Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, ISBN 2-87954-6". Da gëtt et g'ännert, an et heescht elo " Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, ISBN 2-87954-021-6". Den Här Philippart mengt awer op senger Websäit, datt dat Ganzt "L’hôtel de la Chambre des Députés, historique des lieux de travail, in La Chambre des Députés, Luxembourg, 1994 (éditeur Chambre des Députés)." heescht. Sollte sech der do gëiert hunn? --Cornischong 08:39, 13. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]