Roland Schreiner

Vu Wikipedia
Roland Schreiner
Gebuer 25. August 1957
Schëffleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP

De Roland Schreiner, gebuer de 25. August 1957 zu Schëffleng, ass e lëtzebuergesche LSAP-Politiker.

Gemengepolitik[änneren | Quelltext änneren]

De Roland Schreiner ass vum 1. Januar 1988 un am Gemengerot vu Schëffleng a war vum 12. Mee 1992 bis den 31. Dezember 2002 och do am Schäfferot. Hie war vum 1. Januar 2003 bis den 23. November 2017 Buergermeeschter vun der Gemeng Schëffleng.

Landespolitik[änneren | Quelltext änneren]

2004 gouf hien eng éischt Kéier als Deputéierte vum Walbezierk Süden an der Chamber gewielt.

Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 krut hien net genuch Stëmme fir direkt erëmgewielt ze ginn; hien ass awer den 22. November 2012 "nogeréckelt", nodeem d'Vera Spautz hir Demissioun agereecht hat. Fir d'Chamberwalen 2013 gouf hien nees vu senger Partei als Kandidat nominéiert, ma hie krut net genuch Stëmme fir erëmgewielt ze ginn.