Chamberverwaltung

Vu Wikipedia
Administration parlementaire
Chamberverwaltung
Land Lëtzebuerg
Secteur Parlament
Leedung Laurent Scheeck
Verwaltungssëtz Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Chamber

D'Chamberverwaltung, offiziell Administration parlementaire ass eng Administratioun där hir Aufgab et ass, d'Chamber bei de legislativen a politeschen Aufgaben z'ënnerstëtzen. Hiert Fonctionnement gëtt duerch d'Artikelen 159-161 vum Chamberreglement gereegelt[1].

D'Chamberverwaltung besteet aus Beamten a Salariéen déi vum Chamberbüro agestallt ginn. Chef vun der Verwaltung ass de Generalsekretär, deen duerch eng absolut Majoritéit vun der Chamber gewielt muss ginn. Hie gëtt fir d'Dauer vun enger Legislatur gewielt, kann awer erëmgewielt ginn. Him zur Säit stinn nach zwéi Secrétaires généraux adjoints déi vum Chamberbüro gewielt ginn an hien ersetze wann et néideg ass.

Servicer[änneren | Quelltext änneren]

D'Chamberverwaltung setzt sech aus follgende Servicer zesummen[2]:

  • Assistance aux séances plénières
  • Gestion des services rattachés directement au Secrétaire général en cas de son absence
  • Protocole Relations internationales
  • Relations publiques
  • Compte rendu
  • Service des Commissions
  • Service Informatique
  • Gestion des Connaissances
  • Service juridique
  • Ressources humaines
  • Comptabilité
  • Logistique et technique
  • Service Achats, Gestion des Biens et Bâtiments et Sécurité

Generalsekretären[änneren | Quelltext änneren]

vun bis Numm
... ... ...
2000 2002 Pierre Dillenburg[3],[4]
2002 2020 Claude Frieseisen[5]
2020 elo Laurent Scheeck[6]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Règlement de la Chambre de députés op legilux.lu
  2. Organigramme de la Chambre des députés du Luxembourg op chd.lu, gekuckt den 21. Januar 2020
  3. Was macht eigentlich ... Pierre Dillenburg?: Im Universum der Schönen und Reichen op wort.lu den 1. September 2017
  4. "Lettre du Greffier P. Dillenburg au Président de la Chambre des Députés" (2002) op feierkrop.lu
  5. D'Chamber kritt en neie Generalsekretär op rtl.lu de 7. Januar 2020
  6. Laurent Scheeck élu Secrétaire général de la Chambre. Luxemburger Wort - Edition francophone (2020-02-04). Gekuckt de(n) 2021-07-18.