Université de Strasbourg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Université Robert Schuman)
Université de Strasbourg
(Unistra)
Typ franséisch Universitéit
Land Frankräich
Schülerzuel 48.153
  September 2016; 2011; 2012; 2017; 2020; 2009; 2010; 2014; 2018; 2022; 2015; 2016; 2023; 2013; 2019; 2021
Gegrënnt 14. August 1621
Grënner Johannes Sturm
Um Spaweck https://www.unistra.fr/
Denkmalgeschützt Haaptgebäi vun der Université Robert Schuman

D'Universitéit vu Stroossbuerg (franséisch: Université de Strasbourg) ass d'Universitéit vun der Stad Stroossbuerg am Elsass. D'Universitéit Stroossbuerg ass aus enger protestantescher Héichschoul ervirgaangen, déi de "Lëtzebuerger" Johannes Sturm 1538 gegrënnt hat. 1556 gouf d'Schoul an de Rang vun enger Akademie opgeholl an 1621 an eng Universitéit ëmgewandelt. 1631 gouf et souguer eng kinneklech Universitéit.

An den 1970er Jore gouf d'Universitéit Stroossbuerg opgedeelt:

  • Universitéit Louis Pasteur (Stroossbuerg I – Naturwëssenschaften)
  • Universitéit Marc Bloch (Stroossbuerg II – Sproochen a Geeschteschwëssenschaften)
  • Universitéit Robert Schuman (Stroossbuerg III – Recht, Politik- a Sozialwëssenschaften)

D'Universitéit Stroossbuerg gouf den 1. Januar 2009 neigegrënnt als Vereenegung vun der Universitéit Louis Pasteur, der Universitéit Marc Bloch, der Universitéit Robert Schuman an dem Institut universitaire de la formation des maîtres (IUFM) Stroossbuerg. Éischte President no der Fusioun gouf de Pharmakolog Prof. Dr. Alain Beretz, fréiere Leeder vun der Université Louis Pasteur. Déi sougenannt „Université unique de Strasbourg“ (Unistra) huet Ufank 2009 42.000 Studenten a 5.200 Mataarbechter gezielt.

Bekannt fréier Studenten oder Professeren[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gustav C. Knod: Die alten Matrikeln der Universität Straßburg. 1621–1793. 2 Bände und Registerband. Trübner, Straßburg 1897–1902
  • Stephan Roscher: Die Kaiser-Wilhelms-Universität Straßburg 1872–1902. Lang, Frankfurt am Main u. a. 2006, ISBN 3-631-31854-5 (zugl. Dissertation, Universität Frankfurt am Main 1991)
  • Ulrike Rother: Die theologischen Fakultäten der Universität Straßburg. Ihre rechtlichen Grundlagen und ihr staatskirchenrechtlicher Status von den Anfängen bis zur Gegenwart. Schöningh, Paderborn u. a. 2000, ISBN 3-506-73385-0 (zugl. Dissertation, Universität Freiburg 1996)
  • Otto Warth: Das Kollegien-Gebäude der Kaiser Wilhelms-Universität zu Strassburg. Kraemer, Kehl 1885 (Digitalisat)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Universität Straßburg – Biller, Videoen oder Audiodateien