Adolf von Baeyer

Vu Wikipedia
Adolf von Baeyer
Gebuertsnumm Johann Friedrich Wilhelm Adolf von Baeyer
Gebuer 31. Oktober 1835
Berlin
Gestuerwen 20. August 1917
Starnberg
Nationalitéit Däitscht Keeserräich
Educatioun Humboldt-Universitéit Berlin,
Universitéit vu München,
Universitéit vun Heidelberg
Aktivitéit Chimist, Universitéitsprofesser
Member vun Royal Society, Accademia Nazionale dei Lincei, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, National Academy of Sciences, Accademia delle Scienze di Torino
Famill
Papp Johann Jacob Baeyer


De Johann Friedrich Wilhelm Adolf Baeyer, gebuer den 31. Oktober 1835 zu Berlin a gestuerwen den 20. August 1917 zu Starnberg, war en däitsche Cheemiker. 1885 gouf hien zu sengem 50. Gebuertsdag an den Adelstand gehuewen, a gëtt zanterhier (Ritter) Adolf von Baeyer genannt. 1905 krut hien den Nobelpräis an der Chimie.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Als Jong vum preisesche Generolleitnant Johann Jacob Baeyer war hie Schüler vum Bunsen a vum Kekulé. Seng vill wëssenschaftlech Erfolleger hunn d'Land zwar industriell no vir bruecht, dat huet hien awer net zu engem räiche Mann gemaach.

Hie war vun 1872 bis 1875 Professer op der Stroossbuerger Uni éier hien op München gewiesselt huet an do dem Justus von Liebig säin Nofollger gouf.

Wëssenschaftlech Aarbecht[änneren | Quelltext änneren]

De Baeyer, dee seng Versich meeschtens a Reagenzglieser gemaach huet, ass duerch d'Synthees vu Faarfstoffer wéi Phtalein (Phenolphtalein, Fluorescein), Anthraquinon, (Alizarin), Indigo, Isatin a Rhodamin bekannt ginn.

Am Joer 1899 hunn de Baeyer a säi "Privatassistent", de Victor Villiger, entdeckt datt een Oxidant, deen den Heinrich Caro fonnt hat, et erméiglecht, datt e Keton sech an en Ester ëmwandelt.

Beim Oxidant handelt et sech ëm de Kaliumperoxymonosulfat.

De Baeyer an de Villiger hunn och den éischten Derivat aus der Famill vun de Peroxycarbonsaieren, d'Peroxybenzoesaier preparéiert.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Nom Baeyer an dem Villiger ass eng Reaktioun genannt ginn déi si awer ni selwer gemaach hunn, d'Baeyer-Villiger-Oxidatioun.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]