Benny Reiter

Vu Wikipedia
Benny Reiter
Gebuer 14. Oktober 1958
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Veräin/Ekipp FC Etzella Ettelbréck,
C.A. Spora Lëtzebuerg,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp


De Benny Reiter oder Jeannot Reiter, gebuer de 14. Oktober 1958 ass e lëtzebuergesche Foussballtrainer a fréiere Foussballspiller.[1]

Tëscht dem 21. September 1977 am 15. November 1989 huet de Benny Reiter an 49 Matcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp 5 Goler geschoss.[2]

Vun 1977 bis 1982 huet hie beim FC Etzella Ettelbréck gespillt, duerno war hie bis 1984 beim FC Châlon-sur-Saône. An der Saison 1984/85 huet hie fir En Avant Quincamp gespillt an déi Saison duerno beim FC Montceau. Vun 1986 bis 1991 huet hien dunn nees zu Lëtzebuerg bei der Spora Lëtzebuerg gespillt.[3]

Vun 1992 bis 1994 war hie Spillertrainer beim FC Sporting Mäerzeg. 1996/97 war hien Trainer beim F91 Diddeleng an duerno vun 1997 bis 2000 Spillertrainer beim Progrès Nidderkuer. An der Saison 2000/2001 war hien dunn Trainer beim Avenir Beggen. Vun 2003 bis 2005 war hien Trainer bei der Union Lëtzebuerg a vun 2007 bis 2009 an der selwechter Funktioun beim FC Berdenia Berbuerg. An der Sasion 2009/2010 huet hien d'Etzella Ettelbréck trainéiert an zanter 2011 ass hien Trainer bei der US Munneref.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Benny Reiter op der Websäit Transfermarkt
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Benny Reiter op der Websäit vun European Football
  3. De Jeannot Reiter op der Websäit vun National Football Teams