Manou Scheitler
Ausgesinn
| Manou Scheitler | |
|---|---|
| Gebuer | 1. Mäerz 1958 |
| Gestuerwen | 13. Mee 2025 |
| Alter | 67 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Foussballspiller, Foussballtrainer |
| Veräin/Ekipp |
FC Kehlen, Jeunesse Esch, Union Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
|
| |
De Manou Scheitler, gebuer den 1. Mäerz 1958, a gestuerwen den 13. Mee 2025[1][2], war e lëtzebuergesche Foussballspiller.[3]
Tëscht dem 16. Oktober 1979 am 10. November 1982 huet de Manou Scheitler 6-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[4]
De Manou Scheitler huet tëscht 1978 an 1987 182 Matcher an der Nationaldivisioun fir d'Jeunesse Esch an d'Union Lëtzebuerg gespillt an dobäi 132 Goler geschoss. An der Saison 1983/1984 huet hien déi meescht Goler an der Nationaldivisioun mat 26 Goler geschoss.[5]
De Manou Scheitler hat seng Karriär beim FC Kehlen ugefaangen an och do opgehalen.
Hie war ënner anerem Trainer zu Gaasperech, zu Kielen an zu Hamm.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Fréiere Futtballnationalspiller Manou Scheitler gestuerwen." rtl.lu, 15.05.2025.
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 17. Mee 2025 op der Säit 70
- ↑ De Manou Scheitler op der Websäit vun der Football Database.eu
- ↑ D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Manou Scheitler op der Websäit vun European Football
- ↑ Der luxemburgische Fussball. www.fussball-lux.lu. Gekuckt de 15.05.2025.
