Mette Hanskov

Vu Wikipedia
Mette Hanskov
Gebuer 1958

D'Mette Hanskov ass 1958 zu Kopenhagen gebuer. Si ass eng vun deene seelene Fraen, déi Kontrabass spillen.

Si huet beim Ludwig Streicher geléiert an huet hiren Diplom 1980 op der Wiener Musikhochschule gemaach. Si huet déi dänesch Kontrabass-Gesellschaft gegrënnt an ass Solistin an der Kinneklecher Oper zu Kopenhagen.

Hir éischt CD koum 1991 eraus. Si gëtt dorop vun der Tove Lonskov op der Uergel a vum Niels Erik Aggesen um Piano begleet.

D'Mette Hanskov wunnt zu Soborg an Dänemark.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

CDen[änneren | Quelltext änneren]

  • Mette Hanskov: Lady Plays the Bass, 1991, Danacord, DACOCD 378, DDD