Solveig Dommartin

Vu Wikipedia
Solveig Dommartin
Gebuertsnumm Solveig Danièle Jeanne Dommartin
Gebuer 16. Mee 1961
Constantine
Gestuerwen 11. Januar 2007
11. Arrondissement
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Filmregisseur, Filmediteur

D'Solveig Dommartin, gebuer den 29. Juli 1958 zu Paräis, a gestuerwen den 11. Januar 2007, war eng franséisch Schauspillerin, Filmregisseurin an Dréibuchautorin.

D'Solveig Dommartin huet hir Schauspillercarrière bei der "Compagnie Timothee Laine" an am "Theater Labor Warschau" ugefaangen. Hir éischt Filmexperienzen huet se als Assistentin vum Jacques Rozier gesammelt. Hir éischt Filmroll hat s'am Wim Wenders sengem Der Himmel über Berlin.

Duerno huet se ë. a. an anere Filmer vum Wenders, mat deem se och privat zesumme war, gespillt: In weiter Ferne so nah a Bis ans Ende der Welt, dee se mat him zesumme geschriwwen hat.

1998 huet se Regie am Film If There Were a Bridge gefouert.

D'Solveig Dommartin ass mat nëmmen 48 Joer un engem Häerzinfarkt gestuerwen.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspillerin[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseurin[änneren | Quelltext änneren]

als Dréibuchautorin[änneren | Quelltext änneren]

  • 1991: Bis ans Ende der Welt - Regie: Wim Wenders

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]