Pol Schmoetten

Vu Wikipedia
Pol Schmoetten
Gebuer 17. Mee 1958
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Romancier


De Pol Schmoetten, gebuer de 17. Mee 1958 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergesche Schrëftsteller.

No senger Primärschoul zu Diddeleng ass de Pol Schmoetten an de Stater Kolléisch gaangen. Do huet hien en Ofschloss op der A-latine-Sektioun gemaach (1978). Parallel dozou ass hien zu Diddeleng an d'Museksschoul gaangen, an an de Conservatoire vun Esch. Do huet hie Präisser fir Gei, Gesang, Kummermusek, a Musekstheorie krut.

Nom Kolléisch huet hien um Centre Universtaire zu Lëtzebuerg Philosophie a Klassesch Philologie studéiert. Hien huet dunn op d'Uni vun Heidelberg gewiesselt, wou en nieft deenen zwee Fächer och nach Theologie studéiert an 1982 säin Ofschlossexamen gemaach huet.

Vun 1982 bis 1986 huet e Coursen op der Universitéit München ginn[Source?].

Duerno huet hie vun 1987 bis 1997 an der Sankt-Paulus-Dréckerei geschafft, am Ufank als Lecteur, duerno als Chefredakter vum Marienkalenner an als Editeur vun nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur.

Vun 1997 bis 1998 war en am Educatiounsministère, an zanter Enn 1998 ass hie "Kommissär fir Museksunterrecht" am Kulturministère.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]