Jean-Pierre Fiedler (Foussballspiller)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Foussballspiller Jean-Pierre Fiedler. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean-Pierre Fiedler.
Jean-Pierre Fiedler
D'Ekipp déi den 30. Oktober 1963 zu Rotterdam géint Holland 2-1 gewonnen huet. Uewe v.l.n.r. Jempi Fiedler, Bizzi Konter, Erny Brenner, Jim Hoffstetter, Fernand Brosius, Nico Schmitt
Ënne v.l.n.r. Bizzi Klein, Jean Klein, Camille Dimmer, Ady Schmit, Louis Pilot
Gebuer 17. Januar 1935
Lëtzebuerg
Gestuerwen 25. November 1977
Nanzeg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller

De Jean-Pierre "Jemp" Fiedler, gebuer de 17. Januar 1935 an der Stad Lëtzebuerg[1] a gestuerwen de 25. November 1977 zu Nanzeg[2], war e lëtzebuergesche Foussballspiller.[3]

Vun 1953 bis 1964 huet de Jean-Pierre Fiedler 151 Matcher fir d'Spora an der Nationaldivisioun gespillt.[4] Tëscht dem 11. September 1957 an 1. Dezember 1963 huet hien 12-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 3 Goler geschoss.[5] 4 Mol koum hien an der sougenannter "B-Nationalekipp" zum Asaz.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (de)Zivilstand der Gemeinde Luxemburg. viewer.eluxemburgensia.lu. Escher Tageblatt (7. Mäerz 1935). Gekuckt de(n) 2024-02-28.
  2. Noruff op de "Jemp" Fieder am Luxemburger Wort vum 26. November 1977
  3. De Jean-Pierre Fiedler op der Websäit vun der Football Database.eu
  4. de Jean-Pierre Fiedler op der Websäit fussball-lux.lu
  5. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Jean-Pierre Fiedler op der Websäit vun European Football