Ady Schmit

Vu Wikipedia
Ady Schmit
Foto vun der Ekipp déi den 30. Oktober 1963 zu Rotterdam géint Holland 2-1 gewonnen huet. Uewen v.l.n.r. Jempi Fiedler, Bizzi Konter, Erny Brenner, Jim Hoffstetter, Fernand Brosius, Nico Schmitt
Ënnen v.l.n.r. Bizzi Klein, Jean Klein, Camille Dimmer, Ady Schmit, Louis Pilot
Gebuer 17. August 1940
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Veräin/Ekipp Fola Esch,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp


Den Ady Schmit, gebuer de 17. August 1940 an der Stad Lëtzebuerg, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.

Vun 1953 bis 1959 huet hien a verschiddene Jugendekipp vun der Fola zu Esch gespillt. Vun 1958 bis 1961 huet hie bei der CS Fola Esch an der éischter Ekipp gespillt. Tëscht 1961 an 1970 huet hien an 287 Matcher 70 Goler fir den FC Sochaux geschoss. Zesumme mam Vic Nurenberg (7 Goler) ass Sochaux 1962 an déi éischt franséisch Divisioun geklomm.

Duerno huet hie bis 1973 beim FC Mulhouse 5 Goler a 84 Matcher geschoss. An de Joren 1973 bis 1975 war hie Spillertrainer beim SAS Epinal. Duerno koum hien zeréck op Lëtzebuerg wou hie bei der Spora Lëzebuerg, beim CS Péiteng a bei der CS Fola Esch Trainer war.

Tëscht dem 11. November 1959 am 15. November 1970 huet hien a 45 Matcher 7 Goler fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp geschoss.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun de Lännermatcher vum Ady Schmit op der Websäit vun European Football