Jacques Drescher

Vu Wikipedia
Jacques Drescher
Gebuer 7. November 1958
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist
Famill
Geschwëster Doris Drescher

De Jacques Drescher, gebuer de 7. November 1958 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Journalist.

Hien huet ë. a. am Lëtzebuerger Land déi satiresch Säit d'Ländchen geschriwwen, ier en 1984 bei d'Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek gewiesselt ass, wou en ë. a. freides d'"zatiresch Bäilag" De Feierkrop publizéiert huet.

1993 huet hien d'Zeitung verlooss an aus dem Feierkrop, zesumme mat anere Mataarbechter, eng eegestänneg Wochenzeitung, Den Neie Feierkrop gemaach. Dodran huet hien ënner verschiddene Pseudonymer, wéi Yeti, Dr. Escher, Mulles Mubautz, Den Hellege Willibrord, asw. geschriwwen.

Donieft war hie Sekretär vun der Bréifdréieschgewerkschaft.

De Jacques Drescher ass de Brudder vun der Kënschtlerin Doris Drescher.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Bericht aus der Kleinstadt. Satiren. 1981.
  • Der Papst und der Mörder. Die Manipulation des Ali Agça. 1985.
  • De Feierkrop. Nummern 1-200. 16. März 1984 - 2. Dezember 1988. 1992 (Facsimile vun de Säiten aus der Zeitung).