Alexander Rüdell

Vu Wikipedia
Alexander Rüdell
Gebuer 6. September 1852
Tréier
Gestuerwen 14. Dezember 1920
Berlin
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Architekt

Den Alexander Rüdell, gebuer de 6. September 1852 zu Tréier a gestuerwen de 14. Dezember 1920 zu Berlin, war en däitschen Architekt an Héichbau-Ingenieur, virun allem vu Garen.

De Rüdell huet zu Berlin a Wien studéiert. 1864 huet hie säi Baumeister-Exame gemaach.

Hien huet kuerz fir d'Regierung zu Düsseldorf geschafft, a gouf 1893 zu Berlin am Ministerium für öffentliche Bauten engagiert, wou e seng Karriär sollt machen. Vum 1. Mäerz 1900 u war hie Referent für Eisenbahnhochbau im Reichsverkehrsministerium (mam Titel "Wirklicher Geheimer Oberbaurat").

1911 gouf en ausseruerdentlechen, 1919 uerdentleche Member vun der Akademie des Bauwesens. 1919 krut hie vun der "Technische Hochschule Braunschweig" den Titel Dr. Ing. honoris causa fir seng Verdéngschter ëm Eisenbunnsgare-Gebaier ze wierdegen.

Garen, déi no senge Pläng gebaut goufen, sinn ë. a. déi vu Wuppertal-Vohwinkel, Wuppertal-Barmen, Stralsund, Köln-Deutz, Dortmund, Görlitz, Homburg, Wiesbaden, Krefeld, Marburg, Koblenz, Essen a Worms, an och méi klenger laanscht d'Musel, wéi déi vu Boulay, Cochem, Traben-Trabach oder Ürzig.

Och d'Stater Gare gouf no senge Pläng an ënner senger Opsiicht 1907-1913 gebaut.

Bei anere Gare-Gebaier, wéi deene vu Metz, Hamburg, Darmstadt oder Leipzig, huet hie matgeschafft, oder Avisen ofginn.

Des Weidere war de Rüdell mam Bau vun Administratiounsgebaier fir d'Eisebunn chargéiert, wéi deene vu Breslau, Bromberg. Kassel, Danzeg, Essen, Frankfurt am Main, Halle, Köln, Münster, Posen an deem vum Eisenbahnzentralamt zu Berlin.

Op der Fassad vun der Stater Gare ass de Rüdell 1913 vum Sculpteur Arthur Lewin-Funcke (1866-1937) veréiwegt ginn.

Garen[änneren | Quelltext änneren]

Quell[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alexander Rüdell – Biller, Videoen oder Audiodateien