Max Dauphin

Vu Wikipedia
Max Dauphin
Gebuer 1977
Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

De Max Dauphin, gebuer 1977 zu Lëtzebuerg, ass e Moler.

Seng Biller si figurativ, a vermësche verschidden Techniken (Acryl, Ueleg, Spray a Collage).

De Max Dauphin huet zu Marseille studéiert an huet do seng éischt Wierker ausgestallt, déi vum franséische Graffiti beaflosst waren.

2005, huet hien zu Roum am Centre culturel français bei der Kollektivausstellung Dongo the vulture matgemaach, wou e westafrikanesch Gedichter illustréiert huet. Hien huet och eng Serie vu Portraiten an der Lëtzebuerger Ambassade zu Roum ausgestallt.

2007 hat de Max Dauphin mam Graffiti-Kënschtler Sumo eng Kollektivausstellung mam Titel "Brush vs Spray Can" am Konschthaus Beim Engel.

No Names, 2009 zu Saarbrécken, war seng éischt Solo-Ausstellung. Dat selwecht Joer gouf hie vum Kulturministère als Vertrieder vu Lëtzebuerg bei de Jeux de la Francophonie zu Beirut ausgewielt, an huet do fir seng Molerei “Le Radeau de la Méduse” eng Spezialmentioun vum Jury kritt[1].

Duerno huet hien eng Zäit an Zentralasien gelieft, an do an der Tsagaandarium Art Gallery zu Ulan Bator an der Mongolei eng Sammlung Tableaue mam Titel City Spirits ausgestallt[2].

Am Oktober 2013 hat de Max Dauphin zwou Ausstellungen zu New York. Seng Sammlung Original is not even a Flavor gouf fir d'éischt am Rockaway Beach Surf Club ausgestallt, an duerno am ConArtist Gallery[3].

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2005 "Dongo the Vulture", franséische Kulturzentrum zu Roum (Italien)
  • 2005 "Ethnic Portraits", lëtzebuergesch Ambassade zu Roum (Italien)
  • 2007 "Brush vs Spray Can", Konschthaus Beim Engel (Lëtzebuerg)
  • 2009 "No Names", Kulturfoyer, Saarbrécken (Däitschland)
  • 2009 "Le Radeau de la Méduse", Mention Spéciale du Jury, Jeux de la Francophonie, Beirut (Libanon)
  • 2011 "City Spirits", Tsagaandarium Art Gallery, Ulan Bator (Mongolei)
  • 2013 "Original is not even a Flavor", Rockaway Beach Surf Club & ConArtist Gallery, New York (USA)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Portraits d'artistes" op jeuxfrancophonie.org.
  2. "Solo exhibition Luxembourg artist Max Dauphin" op tsagaandarium.org.
  3. conartistnyc.com. Archivéiert op 2013-12-22. Gekuckt de(n) 2013-12-16.