Andrea Camilleri

Vu Wikipedia
Andrea Camilleri
Gebuer 6. September 1925
Porto Empedocle
Gestuerwen 17. Juli 2019
Roum
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Italien
Educatioun Accademia nazionale d'arte drammatica,
Universitéit vu Palermo
Aktivitéit Schrëftsteller, Dréibuchauteur, Filmregisseur, Prosaist, Romancier, Novellist, Regisseur, Dramatiker, Televisiounsregisseur

Den Andrea Camilleri, gebuer de 6. September 1925 zu Porto Empedocle, op Sizilien, a gestuerwen de 17. Juli 2019 zu Roum, war en italieeneschen Dréibuchauteur, Theater- an Televisiounsregisseur a Schrëftsteller. Seng bekanntst Romanfigur ass de sizilianesche Commissario Montalbano, deen an enger 27 Bicher Kriminalfäll léise muss. Dës goufen an iwwer 30 Sproochen iwwersat an hunn de Camilleri international bekannt gemaach. Am ganzen huet de Camilleri iwwer 100 Bicher geschriwwen an huet sech och ëmmer nees kritesch zu Aktualitéitstheme bemierkbar gemaach.[1]

Nieft dem Schreiwe war de Camilleri tëscht 1958 an 1970 Enseignant am Centro Sperimentale di Cinematografia zu Roum a vun 1977 bis 1997 Professer op der Nationalakademie fir Theater Silvio D'Amico.

1978 koum säin éischt Buch, Il corso delle cose, eraus, dat e schonn 1968 geschriwwen hat. 1994 koum dat éischt Buch aus der Serie vu Kriminalromaner mam Commissario Montalbano an d'Librairien.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Autobiographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Saverio Lodato: La Linea Della Palma, 2002 (däitsch: Andrea Camilleri. Mein Leben. Gespräche. 2005, ISBN 978-3-492-04523-0)
  • Lorenzo Rossi: Caffè Vigàta, 2002 (däitsch: Café Vigàta - Andrea Camilleri im Gespräch. 2008, ISBN 978-3-7857-1617-5)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Andrea Camilleri – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Trauer um Bestseller-Autor Camilleri, deutschlandfunkkultur.de, 17. Juli 2019.