Op den Inhalt sprangen

Adolf Raderschall

Vu Wikipedia
Adolf Raderschall
Gebuer 6. September 1896
Bonn
Gestuerwen 16. Dezember 1987
Andernach
Aktivitéit Riichter

Den Adolf Raderschall, gebuer de 6. September 1896 zu Bonn, a gestuerwen de 16. Dezember 1987 zu Andernach, war en däitsche Jurist.[1]

Hie war an der Zäit vun der däitscher Besatzung vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich President vum Sondergericht a Beisitzer (Assesseur) um Standgeriicht, dat d'Doudesurteeler nom Generalstreik vun 1942 gefält huet.

Hie gouf nom Krich, an Ofwiesenheet, zu Lëtzebuerg wéinst Krichsverbriechen zum Doud verurteelt.

De Raderschall gouf a Rheinland-Pfalz fir d'éischt Hëllefsriichter, duerno Landgeriichtsdirekter a.D. (ausser Déngscht), a gouf du pensionéiert.[2]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Adolf Raderschell an der Rheinland-Pfälzische Personendatenbank Zuletzt bearbeitet: 11.07.2006
  2. "Der Fenstersturz".Der Spiegel 6/1965 vum 03.02.1965, S.34.