Christian Kern

Vu Wikipedia
Christian Kern
Gebuer 4. Januar 1966
Wien
Nationalitéit Éisträich
Educatioun Universitéit Wien,
Universitéit Wien
Aktivitéit Politiker
Partei SPÖ

De Christian Kern, gebuer de 4. Januar 1966 zu Wien, ass en éisträichesche Manager a Politiker (SPÖ).

Hie war vun 2010 bis 2016 President vum Presidium vun der ÖBB-Holding AG, der éisträichescher Eisebunnsgesellschaft. Am Mee 2016 gouf hien, als Nofollger vum Werner Faymann, deen zeréckgetruede war, neie President vun der SPÖ an de 17. Mee neie Bundeskanzler vun enger Koalitiounsregierung vun SPÖ an ÖVP.

Bei der Wal fir den Nationalrot (dat éisträichescht nationaalt Parlament) vum 15. Oktober 2017 huet d'ÖVP als Partei déi déi meescht Stëmme krut, sech virun der SPÖ placéiert. Doraus goung eng ÖVP-FPÖ-Koalitioun ervir, an de Sebastian Kurz gouf neie Bundeskanzler.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Christian Kern – Biller, Videoen oder Audiodateien