Martin Gray

Vu Wikipedia
Martin Gray
Gebuertsnumm Mieczysław Grajewski
Gebuer 27. Abrëll 1922
Warschau
Gestuerwen 24. Abrëll 2016
Ciney
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Polen, USA, Frankräich
Aktivitéit Schrëftsteller

De Martin Gray (fir richteg: Mietek Grajewski), gebuer de 27. Abrëll 1922 zu Warschau, a gestuerwen de 25. Abrëll 2016 zu Ciney[1], war e franco-amerikaneschen Auteur vu polneschen Originnen.[2]

Hie gouf mat sengern autobiographeschen Erzielunge wéi Au nom de tous les miens oder Les forces de la vie bekannt, an deenen hien ë. a. d'Schicksal vu senger Famill a vun him selwer am Zweete Weltkrich beschreift, an och, wéi en d'Kraaft hat, fir virunzeliewen, nodeems 1970 seng Fra a seng 4 Kanner bei engem Feier ëm d'Liewe komm waren.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Au nom de tous les miens, mam Max Gallo: 1971
  • Le Livre de la vie: pour trouver le bonheur, le courage et l'espoir
  • Les Forces de la vie: 1975
  • Les Pensées de notre vie: 1977
  • La vie renaîtra de la nuit: 1977
  • Le Nouveau Livre: 1980
  • J'écris aux hommes de demain: 1983
  • La Maison humaine: 1984
  • Entre la haine et l'amour: 1990
  • Vivre debout: 1993
  • La Prière de l'enfant: 1994
  • Au nom de tous les hommes: 2004
  • Ma vie en partage, entretiens avec Mélanie Loisel: 2014

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • Médaile d'Or du mérite européen

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Martin Gray – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Schriftsteller Martin Gray ist tot." wort.lu, 25. Abrëll 2016
  2. martingray.eu.