Glenn Frey

Vu Wikipedia
Glenn Frey
Gebuertsnumm Glenn Lewis Frey
Gebuer 6. November 1948
Detroit
Gestuerwen 18. Januar 2016
New York
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit USA
Aktivitéit Sänger, Pianist, Schauspiller, Gittarist, Liddermécher, Televisiounsschauspiller, Liddertexter

De Glenn Lewis Frey, gebuer de 6. November 1948 zu Detroit, am Michigan, a gestuerwen den 18. Januar 2016 zu New York, war en US-amerikanesche Rockmuseker.

Hie war vun Ufank u bis zu sengem Doud Member vun der Rockband Eagles, wou e Gittar a Piano gespillt huet a bei ville Stécker och gesongen huet. Eleng oder zesumme mam Don Henley huet hien déi meescht Stécker vun den Eagles geschriwwen. Zu de bekanntste Stécker vun den Eagles zielen Take It Easy oder Hotel California.

1981 ass d'Band ausernee gaangen, ier se sech 1994 nees zesummefonnt hunn. Hir lescht Tournée war vun 2013 bis 2015. Tëscht 1981 an 1994 hat de Frey eng erfollegrräich Solocarrière.

Hien hat och e puer Niewerollen a Filmer oder Tëleesserien.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 05/1982: No Fun Aloud
  • 06/1984: The Allnighter
  • 08/1988: Soul Searchin'
  • 06/1992: Strange Weather
  • 07/1993: Live in Dublin
  • 03/1995: The Solo Collection
  • 09/2000: 20th Century Masters - The Millennium Collection
  • 06/2012: After Hours

Singles[änneren | Quelltext änneren]

  • 05/1982: I Found Somebody (US #31)
  • 08/1982: The One You Love (US #15)
  • 12/1982: That Girl/All Those Lies (US #41)
  • 06/1984: Sexy Girl (US #20, UK #81)
  • 09/1984: The All Nighter (US #54)
  • 11/1984: The Heat Is On (D #4, A #27, CH #5, US #2, UK #12, NL #19, F #47, S # 5, N # 2)
  • 03/1985: Smuggler's Blues (US #12, UK #22)
  • 08/1985: You Belong to the City (US #2, UK #94, NL #37)
  • 08/1988: True Love (US #13, UK #84)
  • 11/1988: Soul Searchin'
  • 02/1989: Livin' Right (US #90)
  • 04/1991: Part of Me, Part of You (D #54, US #55)
  • 06/1992: I've Got Mine (D #51, US #91)
  • 05/1993: Love in the 21st Century (D #53)
  • 05/1995: This Way to Happiness (D #65)

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • 1976 Grammy Award - Best Pop Vocal Performance by a Duo, Group or Chorus
  • 1977 Grammy Award - Best Arrangement For Voices
  • 1977 Grammy Award - Record of the Year
  • 1979 Grammy Award - Best Rock Vocal Performance by a Duo or Group
  • 2007 Grammy Award - Best Country Performance by a Duo or Group
  • 2008 Grammy Award - Best Pop Instrumental Performance
  • 2015 Kennedy-Präis - als Member vun den Eagles

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]