Nicolas Koob (Autospilot)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Autoscoureur Nicolas Koob. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Nicolas Koob.
Nicolas Koob
Gebuer 26. Juli 1930
Préizerdaul
Gestuerwen 22. Oktober 2016
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Autospilot

Den Nicolas Koob, Kuebe Néckel genannt, gebuer de 26. Juli 1930 zu Biebereg (Préizerdaul), a gestuerwen den 21. Oktober 2016[1], war e lëtzebuergeschen Autoscoureur a Geschäftsmann (Autobusbetrib a Wiert).

Nieft dem Autossport, war den Néckel Koob och am Préizerdauler Foussball als aktive Spiller engagéiert.

Autoscourssen[änneren | Quelltext änneren]

Hei ënnendrënner ass nëmmen een Deel vum Kuebe Néckel senge sëllege Kompetitiounen opgefouert.

Laangstreckecourssen[änneren | Quelltext änneren]

Datum Numm vun der Course Ekipp Auto Resultat
27. Mee 1962 VIII ADAC Nürburgring 1000 km Privat Porsche 718 GTR net ukomm
23. Mee 1965 XI ADAC Nürburgring 1000 km Privat Alfa Romeo Giulia TZ opginn wéinst déidlechem Accident vum zweete Pilot, dem Honoré Wagner
19. Juni 1965 XXXIII Grand Prix des 24 heures du Mans Ekipp Grand Ducale Alfa Romeo Giulia TZ2 net ukomm
24. August 1965 Marathon de la Route - Nürburgring 82 Stunden Alfa Romeo 9/10
16. August 1966 Marathon de la Route - Nürburgring 84 Stunden BMW 1800 TISA 3.
13. Juni 1970 XXXVIII Grand Prix des 24 heures du Mans Ecurie Luxembourg Porsche 911S 7. a Klassegewënner
12. Juni 1971 XXXIX Grand Prix des 24 heures du Mans Privat Porsche 911S 10.
5. Juni 1973 VII Spa-Francorchamps 1000 km Privat Alfa Romeo Montreal net gestart
  • 1970 zu Le Mans waren 99 Coureuren um Depart; dovu sinn der 16 ukomm.
  • 1971 zu Le Mans ware 86 Coureuren um Depart; dovu sinn der 14 ukomm.
  • um 84-Stonnerennen um Nürburgring hat de Koob zesumme mat dem Dino Pizzinato eng drëtt Plaz am Genéral an d'éischt Plaz an hirer Klass op engem BMW 1800 TISA. Si waren 8.611 km gefuer.

Rallyen[änneren | Quelltext änneren]

Den Nicolas Koob war am Ganze 16-mol um Depart vun der Rally Monte Carlo.[2]

Joer Numm vun der Course Kopilot Auto Generalklassement
1971 Rallye Automobile Monte-Carlo Jos Brandenburger BMW 2002 TI -
1972 Rallye Automobile Monte-Carlo Nico Demuth BMW 2002 15
1976 Rallye Automobile Monte-Carlo Nico Demuth Porsche 911 9
1977 Rallye Automobile Monte-Carlo Nico Demuth Porsche 911 9
1980 Rallye Automobile Monte-Carlo Win Jacoby Ford Escort RS1800 21
1981 Rallye Automobile Monte-Carlo Leo Linden Volkswagen Golf GTI 19

Biergcourssen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1972 1. Plaz op der Biergcourse zu Bierden

Aner Courssen[änneren | Quelltext änneren]

  • 05. Mee 1963 4. Plaz um XII. Trierer ADAC-Flugplatzrennen Auto:Stanguellini - Fiat

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Virdrun   Sportler vum Joer   Duerno
Louis Pilot 1970 Charles Sowa

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Den Néckel Koob ass am Alter vu 86 Joer gestuerwen." rtl.lu, 22.10.2016, 13:24:18.
  2. Rally de Monte Carlo - Hall of Fame op www.ewrc-results.com