Honoré Wagner

Vu Wikipedia
Honoré Wagner
Gebuer 1. Juni 1921
Gestuerwen 23. Mee 1965
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Autospilot
De Wagner BMW 328 Spezial (2017)
De Wagner BMW 328 Spezial (2017)

Den Honoré Wagner gebuer den 1. Juni 1921 a gestuerwen den 23. Mee 1965[1][2][3] un de Follge vun engem Accident um Nürburgring den 23. Mee bei den 1000 km vum Nürburgring, war e lëtzebuergesche Fliger- an Autospilot, Autosbauer an Zwangsrekrutéierten.

Den Honoré ass haaptsächlech op BMW, Veritas an op sengem Eegebau Wagner BMW 328 Special gefuer. Zu senge Coequipieren hunn de Charles de Tornaco, de Fernand Sigrand an den Néckel Koob gehéiert, deen den Dag vu sengem Accident mam Honoré op enger Alfa Romeo Giulia TZ an der Klass GT 1.6 un de Start gaange war.

Den Honoré koum als Bouf vum Garagist an Autoshändler Chany Wagner op d'Welt, an huet sech soubal wéi de Krich eriwwer war fir séier Autoen a Fligeren intresséiert. Hien huet 1947 eng Pilotelizenz an der Schwäiz gemaach. Den 30. August 1948 huet den Honoré bei engem Fluch mam LX-ONT vu Grenchen op Genf mat 4.100 Meter de Lëtzebuerger Héichterekord gebrach. 1949 krut hie säi lëtzebuergesche Piloteschäi mat der N° 25.

Hien huet och bei en etlechen Autoscoursse säin Talent als Autospilot bewisen. Bei senger éischter Participatioun bei den 12 Stonne vu Paräis den 12. September 1948 koum hie mat engem BMW 328 op déi drëtt Plaz an der Zweeliterklass an op déi sechst am Generalklassement. De 26. Mee 1949 beim Grand Prix de Luxembourg um Findel war hien och den Drëtten hanner dem Gigi Villoresi op Ferrari 166 an dem Belsch André Pilette (BMW ?). Dem Villoresi säi Ferrari war deen éischte Ferrari de bis do zu Lëtzebuerg gesi gouf.

Wagner BMW 328 Special[änneren | Quelltext änneren]

De Wagner BMW 328 Special war eng Eegekonstruktioun vum Honoré mat engem L6-Motor (1,9 Liter) aus dem BMW 328 an enger selwer gebauter Karosserie bei där Elementer vum Veritas RS mat agefloss sinn. D'Karosserie vum Auto war am Atelier vum Honoré sengem Monni zesummegebaut ginn an huet grad wéi déi vun de Lakester-Modeller aus Material vun ofwerfbare Fligertanken aus dem US-Surplus bestanen.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Motorsport Memorial -. www.motorsportmemorial.org. Gekuckt de(n) 2023-07-30.
  2. (fr)Doudesannonce vum Honoré Wagner. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (25. Mee 1965). Gekuckt de(n) 2023-07-30.
  3. (de)Honoré Wagner tödlich verunglückt. viewer.eluxemburgensia.lu (24. Mee 1965). Gekuckt de(n) 2023-07-30.