Op den Inhalt sprangen

Nicolas Koob (Autospilot)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Néckel Koob)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Autoscoureur Nicolas Koob. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Nicolas Koob.
Nicolas Koob
Gebuer 26. Juli 1930
Préizerdaul
Gestuerwen 22. Oktober 2016
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Autospilot
Huet matgemaach bei 24-Stonne vu Le Mans

Den Nicolas Koob, Kuebe Néckel genannt, gebuer de 26. Juli 1930 zu Biebereg (Préizerdaul), a gestuerwen den 21. Oktober 2016[1], war e lëtzebuergeschen Autoscoureur a Geschäftsmann (Autobusbetrib a Wiert).

Nieft dem Autossport, war den Néckel Koob och am Préizerdauler Foussball als aktive Spiller engagéiert.

Autoscourssen

[änneren | Quelltext änneren]

Hei ënnendrënner ass nëmmen een Deel vum Kuebe Néckel senge sëllege Kompetitiounen opgefouert.

Laangstreckecourssen

[änneren | Quelltext änneren]
DatumNumm vun der CourseEkippAutoResultat
27. Mee 1962VIII ADAC Nürburgring 1000 kmPrivatPorsche 718 GTRnet ukomm
23. Mee 1965XI ADAC Nürburgring 1000 kmPrivatAlfa Romeo Giulia TZopginn wéinst déidlechem Accident vum zweete Pilot, dem Honoré Wagner
19. Juni 1965XXXIII Grand Prix des 24 heures du MansEkipp Grand DucaleAlfa Romeo Giulia TZ2net ukomm
24. August 1965Marathon de la Route - Nürburgring 82 StundenAlfa Romeo9/10
16. August 1966Marathon de la Route - Nürburgring 84 StundenBMW 1800 TISA3.
13. Juni 1970XXXVIII Grand Prix des 24 heures du MansEcurie LuxembourgPorsche 911S7. a Klassegewënner
12. Juni 1971XXXIX Grand Prix des 24 heures du MansPrivatPorsche 911S10.
5. Juni 1973VII Spa-Francorchamps 1000 kmPrivatAlfa Romeo Montrealnet gestart
  • 1970 zu Le Mans waren 99 Coureuren um Depart; dovu sinn der 16 ukomm.
  • 1971 zu Le Mans ware 86 Coureuren um Depart; dovu sinn der 14 ukomm.
  • um 84-Stonnerennen um Nürburgring hat de Koob zesumme mat dem Dino Pizzinato eng drëtt Plaz am Genéral an d'éischt Plaz an hirer Klass op engem BMW 1800 TISA. Si waren 8.611 km gefuer.

Den Nicolas Koob war am Ganze 16-mol um Depart vun der Rally Monte Carlo.[2]

JoerNumm vun der CourseKopilotAutoGeneralklassement
1971Rallye Automobile Monte-CarloJos BrandenburgerBMW 2002 TI-
1972Rallye Automobile Monte-CarloNico DemuthBMW 200215
1976Rallye Automobile Monte-CarloNico DemuthPorsche 9119
1977Rallye Automobile Monte-CarloNico DemuthPorsche 9119
1980Rallye Automobile Monte-CarloWin JacobyFord Escort RS180021
1981Rallye Automobile Monte-CarloLeo LindenVolkswagen Golf GTI19

Biergcourssen

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1972 1. Plaz op der Biergcourse zu Bierden

Aner Courssen

[änneren | Quelltext änneren]
  • 05. Mee 1963 4. Plaz um XII. Trierer ADAC-Flugplatzrennen Auto:Stanguellini - Fiat
Virdrun   Sportler vum Joer   Duerno
Louis Pilot 1970 Charles Sowa

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "Den Néckel Koob ass am Alter vu 86 Joer gestuerwen." rtl.lu, 22.10.2016, 13:24:18.
  2. Rally de Monte Carlo - Hall of Fame op www.ewrc-results.com