Nikolaus Harnoncourt

Vu Wikipedia
Nikolaus Harnoncourt
Gebuertsnumm Johann Nikolaus Harnoncourt
Gebuer 6. Dezember 1929
Berlin
Gestuerwen 5. Mäerz 2016
Nationalitéit Éisträich
Aktivitéit Dirigent, Museker, Chouerdirigent, Cellist, Komponist, Musikolog, Schauspiller, Musekspedagog
Member vun Europäesch Wëssenschafts- a Konschtakademie

Den Nikolaus Harnoncourt, gebuer de 6. Dezember 1929 zu Berlin als Johann Nicolaus Graf de la Fontaine und d'Harnoncourt-Unverzagt a gestuerwen de 5. Mäerz 2016 zu St. Georgen im Attergau, war en éisträicheschen Dirigent, Cellist, Auteur vu Bicher iwwer d'Musek an ee vun de Pionéier vun der Historescher Performanz, d.h., dem Spille vu Musek mat den Instrumenter vu fréier a sou, wéi se deemools geduecht war.

Hien huet seng Karriär als klasseschen Cellist ugefaangen. An den 1950er Joren huet hien den Ensembel Concentus Musicus Wien gegrënnt, dee mat zäitgenësseschen Instrumenter klassesch a virklassesch Musek gespillt huet. Géint 1970 huet hien ugefaangen, Operen a Concerten ze dirigéieren, an hat domat geschwënn eng zolidd Reputatioun, sou datt e Gaaschtdirigent bei renomméierten Ensembelen a Festivaller gouf, wéi de Wiener an de Berliner Sinfoniker, oder de Salzburger Festspiele. Säi Repertoire, deen ufanks virun allem Barock a Klassik war, huet sech no an no an d'19. an d'20. Joerhonnert ausgebreet. 2001 an 2003 huet hien de Wiener Neijooschconcert dirigéiert.

Vun 1972 bis 1992 huet hien um Salzburger Mozarteum a vun 1973 un och um Institut für Musikwissenschaft vun der Universitéit Salzburg Coursen iwwer d'Opféierungspraxis an iwwer historesch Instrumenter ginn.

Den Harnoncourt war och den Auteur vun enger Rëtsch Bicher, déi meescht iwwer Musekesthetik an d'historesch Entwécklung vun den Opféierungen.

Hie war zënter 1953 mat der Alice Hoffelner bestuet a Papp vu 4 Kanner.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nikolaus Harnoncourt – Biller, Videoen oder Audiodateien