Bud Spencer

Vu Wikipedia
Bud Spencer
De Bud Spencer (2015)
Gebuertsnumm Carlo Pedersoli
Gebuer 31. Oktober 1929
Neapel
Gestuerwen 27. Juni 2016
Roum
Nationalitéit Kinnekräich Italien, Italien
Educatioun Universitéit La Sapienza
Aktivitéit Komiker, Sänger, Museksproduzent, Pilot, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Komponist, Schwëmmer, Schrëftsteller, Waasserballspiller, Filmschauspiller, Politiker, Discographesche Kënschtler, Filmregisseur, Autobiograph, Bibliothecaire, Schauspiller
Partei Forza Italia

De Bud Spencer (Gebuertsnumm: Carlo Pedersoli)[1], gebuer den 31. Oktober 1929 zu Neapel a gestuerwen de 27. Juni 2016 zu Roum[2], war en italieenesche Film- an Televisiounsschauspiller, Cascadeur, Jurist, Schwëmmer a Waasserballspiller, Sänger, Komponist, Industriellen, Dréibuchauteur, Museksproduzent an Erfinder, souwéi de Grënner vun der Fluchlinn Mistral Air.

De Pedersoli ass als éischten Italieener d'100 Meter Nage libre ënnert enger Minutt geschwommen, huet 10 Joer hannerteneen a verschiddenen Disziplinnen d'italieenesch Schwammchampionater gewonnen, war Member vun der italieenescher Waasserballnationalekipp a war 1952 bei den Olympesche Spiller zu Helsinki an 1956 bei deenen zu Melbourne dobäi.

Bekannt gouf e virun allem ënner sengem Pseudonym Bud Spencer, als Komikerduo zesumme mam Terence Hill, an enger ganzer Rëtsch vun Abenteuer- a Westernkaméidisfilmer mat opwänneg inszenéierte Kläppereien an den 1970er an 1980er Joren, ma och a méi seriéisen Italowestern.

Hien hat Droit studéiert, huet tëscht 1960 an 1964 als Komponist vun neapolitanesche Lidder a Lidder fir Schlagersängerinne wéi d'Rita Pavone komponéiert, an ass och mat selwerkomponéierte Lidder woubäi e sech op der Gittar begleet huet, op Tournée gaangen. 1965 huet en eng eege Produktionsgesellschaft vun Déierendocumentairë gegrënnt.

Ausserdeem hat hien e puer Patenter ugemellt, dorënner eent fir e Juegdgewier mat dräi Leef, an eent fir e speziellt Diereschlass.

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

Als Komponist[änneren | Quelltext änneren]

  • 1974: Altrimenti ci arrabbiamo!
  • 1978: Lo chiamavano Bulldozer
  • 1979: Das Krokodil und sein Nilpferd (Io sto con gli ippopotami)

Autobiographien[änneren | Quelltext änneren]

(däitsch Iwwersetzungen)

  • Bud Spencer: Mein Leben, meine Filme. Die Autobiografie. Aus dem Italienischen von Leo Schmidt, Schwarzkopf & Schwarzkopf, Berlin 2011, ISBN 978-3-86265-041-5.
  • Bud Spencer: In achtzig Jahren um die Welt. Der zweite Teil meiner Autobiografie. Aus dem Italienischen von Marion Oechsler, Schwarzkopf & Schwarzkopf, Berlin 2012, ISBN 978-3-86265-107-8.
  • mam Lorenzo De Lucas: Was ich euch noch sagen wollte ..., aus dem Italienischen von Johannes Hampel, Schwarzkopf & Schwarzkopf, Berlin 2016, ISBN 978-3-86265-529-8.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Christian Heger: Die rechte und die linke Hand der Parodie. Bud Spencer, Terence Hill und ihre Filme. Schüren, Marburg 2009, ISBN 978-3-89472-664-5 (Magisterarbeit, Johannes Gutenberg-Universität, Mainz 2005).
  • Tobias Hohmann: Terence Hill - Bud Spencer Chronicles. Zwei Himmelhunde mit vier Fäusten. MPW Medien-, Publikations- und Werbegesellschaft Knorr Martens, Hille 2010, ISBN 978-3-931608-98-9.
  • Thomas Jeier: Bud Spencer & Terence Hill. Heyne Verlag, München 1980, ISBN 3-453-01183-X.
  • Dirk Manthey (Hrsg.): Bud Spencer. Sein Leben und seine Filme. Zweiter Kino Verlag, Hamburg 1981, ISBN 3-88724-001-4.
  • Marc Halupczok: Bud Spencer, Terence Hill. 4 Fäuste sind einfach nicht zu bremsen. UBooks, Mossautal 2012, ISBN 978-3-939239-47-5.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bud Spencer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Biographie op budspencer.de Gearchiveerd op 2013-07-25. Gekuckt de(n) 2016-07-04.
  2. "Bud Spencer gestorben." Der Standard 2016-06-27