Mariano Rajoy

Vu Wikipedia
Mariano Rajoy
Gebuertsnumm Mariano Rajoy Brey
Gebuer 27. Mäerz 1955
Santiago de Compostela
Nationalitéit Spuenien
Aktivitéit Politiker
Partei Partido Popular

De Mariano Rajoy Brey, gebuer de 27. Mäerz 1955 zu Santiago de Compostela, ass e spuenesche Politiker (Partido Popular; PP). Hie war vum 21. Dezember 2011 bis den 1. Juni 2018 Premierminister a Spuenien.

De Rajoy ass Jurist an huet no sengem Studium beim spuenesche Kadaster geschafft. 1981 gouf e Member vun det Alianza Popular, aus där méi spéit d'PP gouf. Dat selwecht Joer gouf en an dat galizescht Regionalparlament gewielt. 1983 gouf e Gemengerot zu der Pontevedra an 1986 President vum Parlament vun der Provënz Pontevedra.

Zanter 1989 ass hien Deputéierten am spuenesche Parlament. Wéi d'PP 1996 d'Wale gewonnen huet, gouf hien, ënner dem Premierminister José María Aznar Bildungsminister, an 2001 Inneminister.

2004 huet den Aznar ugekënnegt, net méi Kandidat fir d'Amt vum Regierungspresident ze sinn, an de Rajoy huet doropshin seng Kandidatur deklaréiert. Um Enn hunn awer d'Sozialisten (PSOE) d'Wale gewonnen, an de Rajoy gouf Chef vun der Oppositioun am spuenesche Parlament. Am Oktober 2004 gouf hien och zum President vun der PP gewielt.

Bei de Parlamentswalen 2004 an 2008 war seng Partei, d'PP, där vum José Luís Zapatero ënnerleeën. Bei de virgezunnene Parlamentswale vum 20. November 2011 war de Rajoy op en Neits Spëtzekandidat vu senger Partei, déi dobäi 187 vun den am Ganzen 350 Sëtz krut.[1] Ee Mount drop gouf hien als Premierminister vereedegt.

Den 1. Juni 2018 huet hien no engem Mësstrauensvote am Parlament, dat en op eng Stëmm verluer hat, missen zerécktrieden.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mariano Rajoy – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Erdrutschsieg für Spaniens Konservative. zeit.de, 21. November 2011.