Marcelo Rebelo de Sousa

Vu Wikipedia
Marcelo Rebelo de Sousa
Gebuertsnumm Marcelo Nuno Duarte Rebelo de Sousa
Gebuer 12. Dezember 1948
Lissabon
Nationalitéit Portugal
Aktivitéit Politiker, Universitéitsprofesser, Journalist
Partei Partido Social Democrata

De Marcelo Nuno Duarte Rebelo de Sousa, gebuer den 12. Dezember 1948 zu São Sebastião da Pedreira (Lissabon), ass e portugisesche Politiker (Partido Social Democrata, PSD). Hie gouf de 24. Januar 2016 am éischten Tour vun de Walen zum neie Staatspresident vu Portugal gewielt an den 9. Mäerz 2016 vereedegt. Bei de Wale vum 24. Januar 2021 gouf hien, och am éischten Tour, erëmgewielt.

De Marcelo Rebelo huet eng universitär Ausbildung als Jurist, Ekonomist a Politikwëssenschaftler, a gëllt als ee vun den Dichtegsten a Portugal um Gebitt vun der Politikwëssenschaft, dem Droit constitutionnel an administratif. Hie war laang Professer op der Droits-Fakultéit vun der Universitéit Lissabon, virdrun och op der Universidade Católica Portuguesa an der Universitéit Porto.

Vun 1982 bis 1983 war hie Minister fir parlamentaresch Affairen an der Regierung vum Francisco Pinto Balsemão. Hie war den éischte President vun der Sozialdemokratescher Partei (PSD) (1996–1999), Vizepresident vun der Europäescher Vollekspartei (1997 bis 1999) a Member vum Staatsrot vu Portugal.

1972 huet hien zesumme mam Pinto Balsemão déi renoméiert Wochenzeitung Expresso gegrënnt, an där en all Woch eng Rubrik hat. 1983 huet en d'Wochenzeitung Semanário gegrënnt (déi 2009 opgehalen huet).

Beim grousse Public ass hie bekannt fir seng politesch Commentairen um Radio an op der Televisioun. Vun 2005 bis 2010 hat hien op der Tëlee eng Emissioun mam Titel As Escolhas de Marcelo ("Dem Marcelo seng Auswiel").

Hien huet eng ganz Rëtsch wëssenschaftlech Aarbechte publizéiert an ass Member vun enger jett nationalen an internationalen Associatiounen am Droits-Beräich.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Marcelo Rebelo de Sousa – Biller, Videoen oder Audiodateien