Narf

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Narf
Gebuertsnumm Francisco Xavier Pérez Vázquez
Gebuer 24. Abrëll 1968
Silleda
Gestuerwen 15. November 2016
Santiago de Compostela
Nationalitéit Spuenien
Aktivitéit Komponist, Gittarist, Sänger

Den Narf, gebuer als Francisco Xavier Pérez Vázquez[1] de 24. Abrëll 1968 zu Silleda a Galicien a gestuerwen de 15. November 2016 zu Santiago de Compostela[2], och heiansdo als Fran Pérez ernimmt[3], war e spuenesche Sänger, Komponist a Gittarist[4][5].

An den 1980–90er Jore war de Pérez Member vu verschiddene Rockgruppen, ënner anerem der Band Os Quinindiolas[6]. 1991 ass hien der Theatergrupp Chévere bäigetrueden[7], a spéider huet hien eng Solocarrière ugefaangen[8]. De Museker huet fir den Theater[3], ënner anerem als Komponist[9] ma och als Schauspiller[10] aktiv geschafft. Am Ufank vun den 2000er Jore gouf hien och fir Cooperatioune mat Museker aus dem lusophonen Afrika an als de Grënner vun de Museksprojeten Aló Irmão an Tótem bekannt[5].

Seng Lidder waren op Galicesch[11]. De Fran Pérez war een notabelen Aktivist vun der galicescher Kultur a Sprooch[5]. Säin Haaptprojet "Narf" gouf als ee vun de gréissten Ierwe vun der galicescher Musek consideréiert[8].

No sengem Doud gouf zu Boiro 2017 eng Statu zu sengen Éieren opgeriicht[12]. 2017 gouf den Narf posthum de Premio aRi[t]mar da Amizade Galego-Lusófona fir seng Kontributiounen zu der lusophon-galicescher Kultur ausgezeechent[13].

Soloalbumen[änneren | Quelltext änneren]

D'Narf-Monument an der Gemeng Boiro
  • 2004: Directo en Compostela
  • 2007: Tótem
  • 2013: Nas tardes escuras

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fran Pérez Narf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://galego.farodevigo.es/sociedad/2016/11/15/fallece-compositor-cantante-gallego-narf/1570518.html
  2. Fiche op Discogs (en)
  3. 3,0 3,1 http://centrodramatico.xunta.gal/novas/nova.php?id=399&lg=gal
  4. http://praza.gal/cultura/13085/boa-singradura-irmao/
  5. 5,0 5,1 5,2 http://www.elmundo.es/elmundo/2011/03/26/galicia/1301162021.html
  6. http://lafonoteca.net/grupos/os-quinindiolas
  7. http://galegos.galiciadigital.com/gl/fran-perez
  8. 8,0 8,1 http://lafonoteca.net/grupos/narf
  9. https://galego.lavozdegalicia.es/noticia/cultura/2012/04/06/200-actores-500-voluntarios-participan-queima-do-judas-tondela/0003_201204G6P35995.htm
  10. http://centrodramatico.xunta.gal/cdg/centro/obra_h.php?id=cdg_obra9033&lg=gal
  11. Archive copy Gearchiveerd op 2016-12-30. Gekuckt de(n) 2016-12-30.
  12. https://galego.lavozdegalicia.es/noticia/barbanza/boiro/2017/06/12/narf-puno-alto-eternos/00031497214190485726805.htm
  13. http://www.sermosgaliza.gal/articulo/cultura/premio-ari-t-mar-da-amizade-galego-lusofona-narf/20170425203551056906.html