Lusophonie
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
Lusophonie (Lusofonia) ginn déi Länner a Géigende genannt, wou Portugisesch geschwat gëtt. De Begrëff gouf analog zu deem vun der Frankophonie fir de franséischsproochege Raum gebilt a leet sech of vum réimeschen Numm Lusitania fir dat haitegt Portugal.
Am Géigesaz zu der Frankophonie ass d'Lusophonie kee politescht Konzept, mä bezitt sech op all déi, déi portugisesch schwätzen.
Zu der Lusophonie ginn déi heite Länner an Territoirë gezielt:
- Amerika:
Brasilien
- Afrika:
Angola,
Cap Vert,
Guinea-Bissau,
Mosambik,
São Tomé a Príncipe
- Asien:
Macau,
Timor-Leste
- Europa:
Portugal
D'Spiller vun der Communautéit vun de portugiseschsproochege Länner gi Jogos da Lusofonia genannt.