Communautéit vun de portugiseschsproochege Länner

Vu Wikipedia
Logo vun der CPLP

D'Communautéit vun de portugiseschsproochege Länner (port.: Comunidade dos Países de Língua Portuguesa, kuerz CPLP) ass eng international Organisatioun, déi 1996 vu lusofone Länner gegrënnt gouf mam Zil, déi "géigesäiteg Frëndschaft an d'Zesummenaarbecht tëscht hire Memberen ze verdéiwen".[1] Si huet hire Sëtz zu Lissabon. D'Membere si Portugal an déi fréier portugisesch Kolonien, an an alle Memberlänner ass portugisesch déi offiziell Verwaltungssprooch.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'CPLP gouf de 17. Juli 1996 vun Angola, Brasilien, dem Cap Vert, Guinea-Bissau, Mosambik, Portugal a São Tomé e Príncipe gegrënnt. 2002, nodeems d'Land d'Onofhängegkeet krut, ass Timor-Leste als vollwäertege Member opgeholl. No der sechster Konferenz vun de Staats- a Regierungscheffen zu Bissau am Juli 2006 goufen Equatorialguinea a Mauritius als associéiert Member mat Observateurstatus opgeholl. Nom Sommet zu Lissabon am Juli 2008 krut Senegal de selwechte Status.

D'CPLP versicht, d'Integratioun vun de portugiseschsproochege Länner virunzedreiwen. 2005, wärend enger Reunioun zu Luanda gouf decidéiert, de 5. Mee weltwäit als Dag vun der portugisescher Sprooch an der lusofoner Kultur ze feieren.

Vollwäerteg Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Weltkaart mat de Membere vun der CPLP

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Ziler vun der Organisatioun um Site vun der CPLP