Harper Lee

Vu Wikipedia
Harper Lee
Gebuer 28. Abrëll 1926
Monroeville
Gestuerwen 19. Februar 2016
Monroeville
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vun Alabama,
Huntingdon College,
University of Alabama School of Law
Aktivitéit Schrëftsteller, Romancier, Museker, Dréibuchauteur, Juristesche Schrëftsteller, Prosaist, Schauspiller
Member vun American Academy of Arts and Letters
Famill
Papp Amasa Coleman Lee

D'Harper Lee, fir richteg Nelle Lee, gebuer den 28. Abrëll 1926 zu Monroeville, am Alabama, an och do den 19. Februar 2016 gestuerwen, war eng US-amerikanesch Schrëftstellerin a Pulitzer-Präisdréierin.

Si ass bekannt fir hiert laang eenzegt Buch To Kill a Mockingbird, dat sech eng 40 Millioune Mol verkaaft huet. Et ass dëst d'Geschicht vun engem Affekot an de Südstaaten, dee sech fir e Faarwegen agesat huet, datt dee viru Geriicht zu sengem Recht kéim. Et koum 1960 eraus a gouf dat Joer drop vum Robert Mulligan mam Gregory Peck an der Haaptroll verfilmt. 2015, 55 Joer dono, huet si hiren zweete Roman Go Set a Watchman erausbruecht, deen s'awer schonn zu der Zäit vum Mockingbird geschriwwen hat.

Si huet och Zeitungsartikelen an Essaye publizéiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Mark Childress: Looking for Harper Lee. In: Southern Living. Ausgabe Mai 1997, S. 148–150.
  • Charles J. Shields: Mockingbird – A Portrait of Harper Lee. Holt, New York 2006, ISBN 0-8050-7919-X.
  • Alexandra Lavizzari: Glanz und Schatten. Truman Capote und Harper Lee – eine Freundschaft. Edition Ebersbach, Berlin 2009, ISBN 978-3-938740-90-3.
  • Marja Mills: The mockingbird next door: life with Harper Lee. Penguin Press, New York 2014, ISBN 978-1-594-20519-4.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Harper Lee – Biller, Videoen oder Audiodateien