Daniel Ortega

Vu Wikipedia
Daniel Ortega
Gebuer 11. November 1945
Nationalitéit Nicaragua
Aktivitéit Politiker, Schrëftsteller

De José Daniel Ortega Saavedra, gebuer den 11. November 1945 zu La Libertad, am Departement Chontales, ass e nicaraguanesche Politiker, President vun der Frente Sandinista de Liberación Nacional (FSLN) an aktuelle Staatspresident vu sengem Land.

1979 huet den Ortega an aner FSLN-Memberen, ënnert der militärescher Féierung vu sengem Brudder Humberto den Diktator Anastasio Somoza Debayle gestierzt. Am Juli 1979 stoung hien un der Spëtzt vun enger Regierungsjunta (Junta de Gobierno de Reconstrucción Nacional). No enger Verfassungsreform war den Ortega vun 1985 bis 1990 Staatspresident vun Nicaragua. 1990 huet hien d'Wale géint d'Violeta de Chamorro verluer a gouf och bei senge Kandidaturen 1996 an 2001 net gewielt. De 5. November 2006, de 6. November 2011, de 7. November 2016 an de 7. November 2021 gouf hien an dat Amt erëmgewielt.

Hien ass zanter 1978 mat der Schrëftstellerin a Politikerin Rosario Murillo bestuet, déi hien 2016 zur Vizepresidentin ernannt huet. Siwe vu senge Kanner kruten héich Posten an der Politik, Entreprisen oder de Medien.