Michel Butor
Michel Butor | |
---|---|
Gebuertsnumm | Michel Marie François Butor |
Gebuer |
14. September 1926 Mons-en-Barœul |
Gestuerwen |
24. August 2016 Contamine-sur-Arve |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Lycée Louis-le-Grand |
Aktivitéit | Dichter, Schrëftsteller, Essayist, Romancier, Konschtkritiker, Iwwersetzer, Lecteur |
De Michel Marie François Butor, gebuer de 14. September 1926 zu Mons-en-Barœul bei Lille, a gestuerwen de 24. August 2016 zu Contamine-sur-Arve[1], war e franséische Schrëftsteller.
De Michel Butor gëllt als wichtege Representant vum Nouveau Roman, vun deem e sech no eegenen Informatiounen awer schonn 1960 distanzéiert huet. Dono huet en e puer honnert Bicher mat experimentellen Texter, zum Deel zesumme mat Moler a Graphiker, publizéiert, dacks just a klenge bibliophilen Oploen.
De Butor huet op der Sorbonne zu Paräis Philosophie a Philologie studéiert a war dono Franséisch-Enseignant an Egypten, zu Manchester, Saloniki a Genf. Dono gouf hie Lektor bei den Éditions Gallimard zu Paräis. Vun 1975 bis 1991 huet hien oip der Universitéit Genève franséisch Literatur enseignéiert.
Wierker (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Romaner
- Passage de Milan (1954)
- L'emploi du temps (1956)
- La Modification (1957)
- Le génie du lieu (1958)
- Degrés (1960)
- Mobile: étude pour une représentation des États-Unis (1962)
- Niagra (1969)
- Retour du boomerang (1988)
- L'embarquement de la reine de Saba (1989)
- Transit A, Transit B (1992)
- Essayen
- Degrés (1960)
- Répertoires [I à V] (1960–1982)
- Les mots dans la peinture (1969)
- Matière de rêves (1975–1985)
- Improvisations sur Rimbaud (Versuch über Rimbaud) (1989, deutsch 1994)
- L'utilité poétique (1995)
Gielercher (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- 1957: Prix Fénéon fir L'Emploi du temps
- 1957: Prix Renaudot fir La Modification
- 2006: Prix Mallarmé fir Seize Lustres
- 2013: Grand prix de littérature de l'Académie française
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Romain Leick: Der schreibende Nomade. In: Der Spiegel, H. 39, 2006 vom 25. September, S. 198.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Michel Butor – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ L'écrivain Michel Butor, figure du Nouveau Roman, est mort, Le Monde, 24. August 2016, gekuckt de 24. August 2016