Arthur Rimbaud

Vu Wikipedia
Arthur Rimbaud
Gebuertsnumm Jean Nicolas Arthur Rimbaud
Gebuer 20. Oktober 1854
Charleville
Gestuerwen 10. November 1891
Marseille
Doudesursaach Schankekriibs
Nationalitéit Frankräich, Zweet Keeserräich
Aktivitéit Dichter, Explorateur, Militär
Famill
Liewenspartner(in) Paul Verlaine

De Jean Nicolas Arthur Rimbaud, gebuer den 20. Oktober 1854 zu Charleville am Departement Ardennes a gestuerwen den 10. November 1891 zu Marseille, war e franséischen Dichter.

Mat 17 Joer huet den Arthur Rimbaud Charleville verlooss an hien ass op Paräis bei de Paul Verlaine geplënnert, dem hie seng éischt Verse geschéckt hat. Tëscht deenen zwéin Dichter huet sech eng Frëndschaft entwéckelt, déi 3 Joer méi spéit an engem Sträit hiert Enn fonnt huet. An dem Sträit gouf den Arthur Rimbaud vum Paul Verlaine ugeschoss an un der Hand blesséiert.

Dorophinn huet den zwanzegjärege Rimbaud opgehale mam Schreiwen an hien ass als Legionär a Waffenhändler an Afrika gaangen. Dëst ouni datt hie wousst datt de Verlaine hien an der Tëschenzäit duerch Publikatiounen a Frankräich bekannt gemaach hat.

1891 gouf dem Rimbaud a Frankräich wéinst engem Tumor am rietse Knéi e Been amputéiert, un de Follgen dovun ass hien op der Réckrees an Afrika am Alter vu 37 Joer gestuerwen.

De Rimbaud war am Cercle des poètes Zutiques mat dobäi.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Une saison en enfer, eng Gedichtersammlung vun 1873

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Arthur Rimbaud – Biller, Videoen oder Audiodateien