Léon Nilles

Vu Wikipedia
Léon Nilles
Gebuer 19. Juli 1928
Nidderkäerjeng
Gestuerwen 3. August 2016
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur

De Léon Nilles, gebuer den 19. Juli 1928 zu Nidderkäerjeng a gestuerwen den 3. August 2016 zu Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Bauingenieur, Auteur an Hotelier.

Hien ass bekannt als Auteur vun Texter am Theemeberäich Verkéier an Erzéiung am Stroosseverkéier[2] a virun allem och als Promoteur, Hotelier a Muséesbesëtzer.

De Léon Nilles huet zu Aasselbuer dräi Privatmuséeën ageriicht déi ëffentlech zougänglech sinn: de Waassermillemusée op der Aasselbuerer Millen, de Musée des écritoires an de Schoulklassemusée an der fréierer Post vun Aasselbuer.

Studium a weider Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

No senger Première am Escher Jongelycée huet de Léon Nilles Ingenieur op der ETH zu Zürich studéiert. No sengem Ofschloss op der ETH huet hie kuerz als Ingenieur bei der ARBED geschafft, a gouf duerno Professeur-ingénieur um deemolegen Technikum (haut Uni Lëtzebuerg).

Vun 1970 bis 1987 war en och am Gemengerot zu Bartreng aktiv[3].

Hie war vun 1964 bis 1987 President vun der Sécurité Routière[4] an e war President vum Institut national de recherche routière (INRR). Ausserdeem war e Grënnungspresident vu PARIM (Prévention des accidents routiers – Institut mondial).

Hien hat och e Projet proposéiert fir mat enger Seelbunn, déi de Kierchbierg, d'Alstad an d'Rumm matenee verbonnen hätt, den Zougang fir Touristen fir kulturell an historesch Attraktiounen an der Stad Lëtzebuerg, ze verbesseren[5].

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Den Alen am Kuef. Farce (a Versen). 1 Akt, Drama, 1946.[6]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Muller, Roger (rm), 2007. Nilles, Léon. In: G. Goetzinger a Claude D. Konter, Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature, Mersch. Cf S. 452.
  • Dauch, Stéphanie, 2016. Léon Nilles: un grand homme disparaît. Luxemburger Wort 2016-08-22, S. 50.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 5. August 2016, S. 38
  2. Luxemburger Autorenlexikon 2007 S. 452
  3. Annonce vun der Gemeng Bartreng bei den Doudesannoncen am LW de 6. August 2016
  4. Annonce vun der Sécurité Routière bei den Doudesannoncen am LW den 9. August 2016
  5. Bauingenieur Léon Nilles gestorben, Noruff op wort.lu, 5. August 2016 (och am Luxemburger Wort vum 6. August 2016, S.27)
  6. D'Farce orientéiert sech um Spill vun der Bidden vu sengem Däitschprofesser Marcel Reuland an enthält Passagen aus dem Michel Rodange sengem Renert. Cf. Luxemburger Autorenlexikon 2007, S. 452.